20 Joer Friblëtz

Flyer 20JFB

Mir, d’Lëtzebuerger Studenten zu Fribourg freeën eis, Iech op eis 20 Joerfeier mat Gala Dinner am Melusina ze invitéieren!

PROGRAMM:
19h00 Ouverture vun der mat Aperitif
19h30 Usprooch vun der Presidentin an Inviteën
19h45 Gala Walking Dinner gekacht vum Becker Gaston, eemolege Chefkach an der Nationalekipp
22h00 Öffentleche Bal mam DJ Bisi

PRÄIS:
Präis vir Membere vum Friblëtz: 40.-
Präis vir Net-Memberen: 60.-
(abegraff am Präis ass d’Iessen, d’Gedrénks bis 22h00, d’Entrée vir den unschléissenden Bal an d’Entrée fir an de VIP).

UMELLDUNG:
Confirméiert eis w.e.g. är Präsenz bis de 24. Juni 2016 per Email op 20joer@fribletz.lu
Vergiesst w.e.g. net är Begleedung mat unzemellen.
Falls de Vegetarier sidd, git eis dat w.e.g. un.

 

Facebook Event vum Gala-Dinner

Facebook Event vum Bal

 

 

 

Friblëtz ANCIEN / ALUMNI !

Vu dass mir net vun all Ancienen kennen, biede mir Iech jiidereen zu dësem Event anzelueden deen dir kënnt deen zu Fribourg studéiert huet! MERCI FIR ÄER HËLLEF!

 

——————  Doodle Umellung fir Memberen  ——————

 

Broschüre

Natiellech maachen mir och eng extra Jubläumsbroschüre.

Hudd dir Fotoen aus deenen läschten 20 Joer? Hudd dir witzeg Anekdoten? Dann schéckt eis se eran!

20joer@fribletz.lu