De Cercle

fribletz logo weiss

De Friblëtz gouf den 28. Oktober 1996 gegrënnt an zielt momentan ronn 50 aktiv Memberen. Zenter dem Grënnungsjoer si mir Member an der ACEL. Als lëtzebuerger Studentencercel vertriede mir d’Interesse vun de lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg. Mir hëllefen an informéieren déi nei Studente fir dass déi zukünfteg Universitären sech  ouni gréisser Problemer an d’Unisliewen an an d’Liewen zu Fribourg integréiere kënnen.

Traditionell starte mir mat eisem Stammdësch an dem Opening Event an dat néit Joer. Hei hunn déi néi Memberen d‘Chance de Cercle an déi ustoend Aktivitéite kennenzeléieren. Donierft organiséiere mer am Laf vum Joer eng Rei Fräizäitaktivitéiten, ënner anerem: Daf vun de neie Memberen, eng Kleeserchersfeier, e Skiweekend, kulturell Ausflich a natierlech d’Feiere vum lëtzebuergeschen Nationalfeierdag an der Ambassade zu Bern. Dobäi kommen och Party’en, souwuel zu Fribourg wei och zu Lëtzebuerg (ACEL-Bal). Am Joer 2002 huet de Friblëtz de Swisscup an d’Liewe geruff, e Sportsturnoi wou déi verschidde Schwäizer Cerclë vu Lausanne, Zürich, St. Gallen a Fribourg all Joers bei engem anere géinteneen untrieden.

Eis Broschür “Studéieren zu Fribourg”

D’Broschür vum Friblëtz gëtt nieft dem historeschen Hannergrond  vu Fribourg praktesch Informatiounen iwwer den Studium an d’Alldaagsliewen an der Unisstad.

Enner anerem beinhalt d’Broschür Informatiounen zum Transport, de Liewenskäschten, de verschiddenen Unifakultéiten, nëtzlech Adressen an villes méi…!

Dir kënnt d’Brochür hei eroflueden. Mir loossen Iech d’Brochür awer och gär per Email als PDF oder per Post zoukommen. Scheckt eis einfach eng Ufro op comite@fribletz.lu Aal Broschüre


Kontakt

Dir kennt den Comité op Instagram an op Facebook schreiwen oder ener eiser Email-Adress comite@fribletz.lu erreechen. Mir sinn gär bereet iech weider ze hëllefen!


207190_194507043924423_3680604_n

Almuni – Aal Friblëtz

Och nom Studium kenn der nach Kontakt mat ärem Cercle iwwer d’Alumni halen!

Eis Ancienen kenn der am beschten op hirer Facebook-Grupp “Aal Friblëtz” erreechen.