Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

1. Swisscuptraining

22/11/2014 @ 14:00 - 17:00

Bis de Swisscup dauert et nach e bëssen… trotzdem treffe mer eis de Samschden, den 22. November an der Sportshal vun der Uni Pérolles fir e bëssen ze schweessen! Rendez-Vous ass um 14:00 Auer an um 17:00 Auer musse mer rëm dobausse sinn. Duschen a Vestiairë sinn an der Hal sou wéi och d’Material. Mir hunn déi 2 Halen zur Verfügung!

Fir dass awer keen de ganze Samschden Nomëtten an der Hal muss verbréngen, hu mer dëst Joer e Programm opgesat:

  • 14:00 – 15:00: Fussball
  • 15:00 – 16:00: Volleyball
  • 16:00 – 17:00: Basketball

Natierlech kënn der alles matmaachen. Wann der awer keng Loscht op eng bestëmmte Sportaart hutt, da kommt einfach vir déi aner! Mir probéieren eis zimlech genau un d’Zäiten ze halen, et kann natierlech ëmmer zu Verzögerunge kommen.

Dir musst iech fir de Swisscuptraining net op engem Doodle umellen!

Mir freeën eis op e sportlechen Nomëtten!

Details

Datum:
22/11/2014
Zeit:
14:00 - 17:00
Veranstaltungkategorie:

Veranstalter

Friblëtz
E-Mail:
Website:
www.fribletz.lu

Veranstaltungsort

Sportshal Université de Fribourg Pérolles
Fribourg, Bvd de Pérolles 95, CH-1700 Schweiz + Google Karte
Website:
http://www.unifr.ch/sportuni/de/info/infra

Kalender präsentiert von The Events Calendar