BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//Friblëtz - ECPv4.6.24.1//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:Friblëtz
X-ORIGINAL-URL:http://www.fribletz.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für Friblëtz
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=UTC+2:20151107T181500
DTEND;TZID=UTC+2:20151108T010000
DTSTAMP:20210420T205839
CREATED:20151019T151448Z
LAST-MODIFIED:20151019T152729Z
UID:1879-1446920100-1446944400@www.fribletz.lu
SUMMARY:Friblëtz Beer Pong Tournoi déi III.
DESCRIPTION:De Weekend no Allerhellgen ass et esou wäit: déi 3. Editioun vum Friblëtz Beer Pong Tournoi fënnt statt! De 7. November kucke mer op d’Championen vum leschte Joer hiren Titel verteidegen kënnen oder op 2 nei Beer Pong-Titanen aus eise ville Memberen erfier ginn. Wéi all Joer ass den Tournoi erëm am Keller vum Centre Fries. Rendez-Vous ass um 18:30. \nGespillt gëtt erëm an 2-er Ekippen. Maximal kënne 16 Ekippe matspillen! Pro gespillte Match bezilt d’Ekipp 2 Béier an 1 Béier bezilt de Comité (1 Béier kascht 3.- CHF). Ass een an der Ekipp dee kee Béier drénkt\, muss säi Co-Ekipier dëse Béier matdrénken. Alternativ zum Béier kann och mat Monaco gespillt ginn (selwechte Präis). D’Regele fann der hei: BeerpongRulesFribletz \nDe Spillplang kënnt e puer Deeg virum Tournoi eraus. D’Gewënner-Ekipp erwaard erëm e super Präis! Dëst Joer gëtt et och e klenge Präis fir d’Ekipp mat dem witzegsten Numm. Et heescht also kreativ sinn! \n\nDoodle – Friblëtz Beer Pong Tournoi (Mellt iech wéi follegt um Doodle un: Ekippenumm (Virnumm/Numm 1. Persoun ; Virnumm/Numm 2. Persoun) (Délai ass den 30. Oktober)\n\nWell aller guten Dinge 3 sinn\, huet de Comité sech fir dëst Joer nach en Extra iwwerluecht. Während dem Tournoi\, vun 20:00 bis 21:30 Auer\, gëtt et chinesescht Iessen! Dëst kréie mer zu engem Frëndschaftpräis vu 15.- CHF zu Verfügung gestallt. \nZur Auswiel steet: \n\nPoulet croustillant\nPoulet curry rouge\nBoeuf saté\nCanard Szechuan\n\nAls Bäilag gëtt et Riz Nature oder Nouilles sautés aux légumes. \nD’Iessen krit der a bezuelt der den Owend selwer beim Comptoir. Wann der chinesesch iesse wëllt\, da mëllt iech zousätzlech op dësem Doodle un: \n\nDoodle – Beer Pong Chinesesch Iessen (–> Mellt iech hei w.e.g. EENZEL un! Délai och hei den 30. Oktober)\n\nZuschauer si wéi all Joer häerzlech wëllkomm an därfe sech natirlech och fir d’Iessen umellen! \n
URL:http://www.fribletz.lu/event/fribletz-beer-pong-tournoi-dei-iii/
LOCATION:Centre Fries\, Fribourg\, Rue G. Techtermann 8\, CH-1700\, Schweiz
CATEGORIES:Friblëtz Events
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:http://www.fribletz.lu/wp/wp-content/uploads/2015/10/1427232816-MPW-47379-e1445266360240.jpeg
ORGANIZER;CN="Fribl%C3%ABtz":MAILTO:comité@fribletz.lu
END:VEVENT
END:VCALENDAR