Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Friblëtz Plovere bestellen

28/11/2014 @ 08:00 - 14/12/2014 @ 17:00

CHF25.

Vun der Friblëtz-Plover-Front gëtt et eng schlecht an eng gutt Noriicht: dat mat de virgestallte Plovere klappt leider net, mee glécklecherweis hu mer neier fonnt. Déi nei gesinn sou aus:

10620330_10205536724445759_5530684775422171884_o

De Plover ass unisex an et ginn 2 Faarwen: roud a blo. De neie Präis ass CHF 25.- . Leider kënne mer iwwer déi Firma wou mer bestelle keng Ploveren vir unzeprobéieren bestellen. Dofir hu mer e Bild bäigefügt op dem d’Gréissten beschriwe sinn.

–> Bestellt äre Plover oder är Ploveren lo hei um Doodle: Doodle – Friblëtz Ploveren

–> D’Bestellungen gi bis de 14. Dezember ugeholl!

!!! Wichteg Information !!!

De Comité war ganz fléisseg a kann iech lo matdeelen, dass der och lo Ploveren am navyblo mat rosaem oder/an pinkem Logo kënnt bestellen!1897843_10205542331505932_1934732368440327510_n

Navy Blo / Rosa

Navy Blo / Rosa

Navy Blo / Rosa

Navy Blo / Rosa

 

Navy Blo / Pink

Navy Blo / Pink

Navy Blo / Pink

Navy Blo / Pink

 

Wichteg ass: den Délai bléiwt de 14. Dezember!! Wann der een Plover vun der neier Variant wëllt, dann ÄNNERT w.e.g. är Bestellung um Doodle a macht keng zousätzlech Bestellung! Déi nei Ploveren kaschten bësse méi deier, nämlech 38.- CHF.

Virwaat? Ma igentlech hunn déi Ploveren de normale Präiss. Bei denen mat der wäisser Schrëft kréie mir e Mengen-Rabatt, well op all Pullover (min. 50 Stéck) de selwechte Logo an der selwechter Gréisst a Faarw ass.

Details

Beginn:
28/11/2014 @ 08:00
Ende:
14/12/2014 @ 17:00
Eintritt:
CHF25.

Kalender präsentiert von The Events Calendar