
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Ski-Weekend zu Gstaad
22/02/2019 @ 17:00 - 24/02/2019 @ 19:00
Natierlech gi mer um Ufank vum neien Semester nach e Weekend all zesummen Ski fueren.
Vum 22ten bis 24ten fuere mer zesummen op Gstaad
Umellung w.e.g. iwwert desen Doodle:
Umellung SkiWeekend
Deadline fier unzemellen ass den 10ten Dezember.
Wann der iech no dësem Délai oofmellt, musst der d’Halschent (35 CHF) als Storneierungsgebühr bezuelen!
Détailer zu eisem Ski-Weekend:
Den Präis
70CHF pro Persoun
inclus ass Iwwernuechtung, Moies- an Owesiessen, den Transport hin an zreck vu Fribourg op Gstaad an den Transport vum Chalet op d’Gare fier op d’Skipisten.
Den Skipass kascht 59CHF fier een Dag an 112CHF fier dei 2 Deeg
D’Geld (70CHF) fier den Transport an Iwwernuechten w.e.g. bis den 10ten Dezember op eisen PostFinance Konto iwwerweisen:
IBAN: CH37 0900 0000 8912 7263 1
BIC: POFICHBEXXX
Vermierk: Skiweekend + Numm Viernumm
Den Chalet
Chalet St. Stephan (Campo Grande)
Bus-Service vun hinnen (moies op d’Gare an Owes erem zreck)
8.35h, 9.05h, 9.35h, 10.05h, 10.35h, 11.05h vum Haus op den Bahnhof St.Stephan
Vun der Gare St.Stephan all Stonn em :12 an :46 en Zuch Richtung Zweisimmen
Iessen
Kaffi: 7h45h-11h00
Owesiessen: ca. 18.30h
Et gëtt och bei all Iessen eng vegetaresch Variant ugebueden
Em d’Spullen no dem Iessen musse mer als Grupp eis drëms kemmeren.
Kaffi, Téi an Waaser stinn zur Verfügung.
Den Friblëtz këmmert sech em Béier a Wain!
Iwwernuechten:
Wichteg: Jidfereen muss Schloofsaak oder ähnleches mathuelen, Decken stinn keng zur Verfügung.
Bei den Zemmeren sin gemeinsam Duschen, Toiletten a Lavabo’en.
Mier freeën eis op zahlreich Umellungen fier dësen flotten Week-end!