BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//Friblëtz - ECPv4.6.24.1//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:Friblëtz
X-ORIGINAL-URL:http://www.fribletz.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für Friblëtz
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=UTC+2:20160226T170000
DTEND;TZID=UTC+2:20160228T170000
DTSTAMP:20210420T205928
CREATED:20160204T161403Z
LAST-MODIFIED:20160223T165625Z
UID:1998-1456506000-1456678800@www.fribletz.lu
SUMMARY:Skiweekend zu Grindelwald
DESCRIPTION:Informatiounen zum Oflaaf – Skiweekend Grindelwald\n \nDépart (17:00):\nRendez-Vous vir den Départ op Grindelwald ass de Freiden\, de 26. Februar um 17:00 Auer um Parking beim Irish (Grand-Places 12\, 1700 Fribourg). Sidd w.e.g. all PÜNKTLECH do vir dass mer mat Zäit fortkommen! Hei ginn d’Leit op déi verschidden Autoen a Camionnetten opgedeelt an d’Gepäck agelueden. Déi\, déi nach net bezuelt hunn\, mussen d’Suen (89 CHF) matbréngen! W.e.g. kommt nëmme mat deenen Autoen déi ugemellt sinn! All Auto den do ass\, mee net ugemellt\, kritt de Benzin a Parking NET bezuelt! \nArrivée zu Grindelwald (ongef. 19:15):\nTreffpunkt vir JIDDEREEN zu Grindelwald ass um Parking „Grindelwald Grund“ (Parking bei der Gondel „Männlichen“: Grundstrasse 54\, 3818 Grindelwald). Hei ginn d’Autoen stoe gelooss\, sos gëtt et Chaos bei der Jugendherberg. Mat de Camionnetten brénge mer iech an äert Gepäck vun hei aus erop bei den Hostel \nYouthhostel Grindelwald:\nAm Hostel deelen mer eis op d’Zëmmeren op (wéi ugemellt). D’Schlësselen kritt der vun engem Comitésmember. Skimaterial kann am Skikeller vum Hostel verstaut ginn. D’Moiesiessen ass am Präis abegraff.\nDonnéeën vum Hostel: Website:       youthhostel.ch/grindelwald \nEmail:            grindelwald@youthhostel.ch \nTel.:               +41 33 853 10 09 \nIessen 1. Owend:\nWann mer ukommen\, wäerten déi meescht gutt hongereg sinn. Mir kréien am Hostel Owes neicht ziessen. Jiddereen muss sech selwer dorëms këmmeren. Wann der an e Restaurant gitt\, dann denkt drun mat Zäiten ze reservéieren. \nSchlittfueren an Iessen 2. Owend:\nD’Schlitten vir den 2. Owend si scho reservéiert. Bréngt d’Suen (ronn 13 CHF/Schlitt) w.e.g. op den Treffpunkt mat. Rendez-Vous ass um 17:00 beim Intersport „Graf“ (Dorfstrasse 95\, 3818 Grindelwald) wou der är Schlitte kritt. De Restaurant ass vir 19:00 reservéiert\, dir kënnt awer och schonn bëssen éischter dohinner goen. \nDéi\, déi net mat Kéisfondue iesse ginn mussen sech selwer ëmmt d’Iessen këmmeren. Denkt drun mat Zäiten e Restaurant ze reservéieren oder en Owesiessen beim Hostel unzefroen. \nRetour op Fribourg (17:00):\nMir musse spéitstens um 10:00 am Hostel aus-checken. Organiséiert iech entspriechend a w.e.g. huelt alles aus dem Zëmmer eraus a maacht alles propper. Vir de Retour op Fribourg treffe mer eis alleguerten um 17:00 um Parking „Grindelwald Grund“. Denkt drun mat Zäit vum Bierg ze kommen. Mir verdeelen eis hei erëm op d’Autoen an d’Camionnetten. \nWeideres: \n\nJiddereen muss vir säin eegent Skimaterial an Skipass suergen\, de Comité iwerhëllt keng Responsabilitéit. Am Duerf ginn et eng ganz Rei Buttéker\, wou der Material kënnt léinen. Skipäss kritt der op der Gare an bei den Skilifter.\nD’Suen vum Parking an Benzin kritt der an den Deg no Grindelwald vum Comité erëm.\nSchneetelefon wann eppes op de Piste geschitt: +41 (0)33 828 77 11\nBei Froen zum Oflaaf oder bei Problemer kënn der iech gär bei engem Comitésmember mellen.\nInfoen zu de Pisten an dem Wieder fann der op http://grindelwald.ch/de.\nDe Comité keeft Gedrénks an vir mat. Dir kënnt beim Responsablen Comitésmember Gedrénks zu engem ganz gudde Präis kafen.\n\n
URL:http://www.fribletz.lu/event/skiweekend-zu-grindelwald/
CATEGORIES:Friblëtz Events
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:http://www.fribletz.lu/wp/wp-content/uploads/2016/02/header_trip_ski.jpg
END:VEVENT
END:VCALENDAR