BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
PRODID:-//Friblëtz - ECPv4.6.24.1//NONSGML v1.0//EN
CALSCALE:GREGORIAN
METHOD:PUBLISH
X-WR-CALNAME:Friblëtz
X-ORIGINAL-URL:http://www.fribletz.lu
X-WR-CALDESC:Veranstaltungen für Friblëtz
BEGIN:VEVENT
DTSTART;TZID=UTC+2:20150227T140000
DTEND;TZID=UTC+2:20150301T170000
DTSTAMP:20200125T100210
CREATED:20141002T150306Z
LAST-MODIFIED:20150224T084419Z
UID:1460-1425045600-1425229200@www.fribletz.lu
SUMMARY:Skiweekend zu Grindelwald
DESCRIPTION:D’Entscheedung vir de Skiweekend ass gefall: mir ginn de Weekend vum 27.02\, 28.02\, 01.03 op Grindelwald! \n\nLink Hostel: Youth Hostel Grindelwald\nSkipiste Grindelwald:\n\n \nDen Hostel kascht 90 Chf (Moiesiessen + Schlofen). Well mer dëst Joer wahrscheinlech och rëm drop ugewise sinn\, dass d’Léit déi en Auto hunn Gepäck a Skimaterial mathuelen\, hu mer decidéiert de Benzin AN de Parking ze bezuelen. D’Suen muss der awer net direkt iwerweisen\, mee reicht kuerz virum Weekend. Méi Informatiounen zum Tansport an zum Bezuelen kommen nach no. \nDir braucht dëst Joer kee Schlofsak. D’Gedecktes gëtt eis vun der Jugendherberg zu Verfügung gestallt. Mir recommandéieren awer staark Ourestëpp matzehuelen! =) \n–> Vergiesst w.e.g. net dass bei d’Käschten och nach Skipass\, eventuell Skimaterial\, Iessen an Gedrénks a.s.w. derbäi kënnt. \n\nLink: Doodle -Umelldung Grindelwald\n\n\nProgramm vir Grindelwald:\nDepart ass Freides de 27. Februar um 17:30 Auer beim Irish. Ski- a Snowboardmaterial verstaue mer zum gréissten Deel an der Camionnette. Wann der net bei den Irish kommt\, da sot dem Comité w.e.g. Bescheed. An dësem Fall bezilt de Comité awer KEEN Benzin a KEEN Parking. Mir wiere frou wann jiddereen zu der ugekënnegter Auerzäit kennt fir ee Chaos wei d’lescht Joer ze vermeiden. \n1) Den éischten Owend hu mer aus zäitleche Grënn decidéiert dass jiddereen iesse geet wou e well. Leider si mer net mat Zäiten do vir zesummen an der Jugendherberg ze iessen. Jiddereen schleift am Zëmmer vir dat en sech ugemellt huet. \n\nLink: Doodle – Schlofzëmmeren\n\n2) Den 2ten Owend steet Schlittfueren op enger beliichte Pist a mat Kéisfondue um Biergrestaurant um Programm! Wann der iech vir d’Schlittfueren umellt\, sidd der och automatesch vir de Restaurant ugemellt! (–> den Doodle fann der méi wäit ënnen) \nVir do matzemaache brauch der en Zuchticket an e Schlitt: \n\nZuchticket wann der schonn e Skipass hutt: 16 CHF.\nZuchticket ouni Skipass: 26 CHF.\nD’Léine vun engem Holzschlitt: 13 CHF. Ee Schlitt ass vir 2 Persounen. Wann een e Schlitt vir sech alleng well\, soll e sech beim Comité mellen!\n\nNom Schlittfuere gi mer dann nach eng gutt Kéisfondue um Bierg iessen! Hei sinn déi verschidden Zorte Kéisfonduen: \n  \n \nWann der kee Kéis dierft iessen\, sot w.e.g. engem vum Comité Bescheed. Mir hunn an dem Fall eng Alternativ! \nMellt iech hei vir d’Schlittfueren an d’Kéisfondue un: \n\nLink: Doodle -Schlittenowend\n\n3) De leschten Dag muss alles gepak ginn. Duerno gi mer nach eemol Vollgas op der Pist! Mir treffen eis am spéiden Nomëtten all bei der Jugendherberg vir zesummen zréck op Fribourg ze fueren! \n  \n  \n
URL:http://www.fribletz.lu/event/skiweekend-zu/
LOCATION:Grindelwald\, Grindelwald Youth Hostel\, Grindelwald\, Geissstutzstrasse 12 \, CH-3818\, Schweiz
CATEGORIES:Friblëtz Events
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:http://www.fribletz.lu/wp/wp-content/uploads/2014/10/49220880-e1421999208898.jpg
ORGANIZER;CN="Fribl%C3%ABtz":MAILTO:comité@fribletz.lu
END:VEVENT
END:VCALENDAR