Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Swisscup 2015

21/03/2015 @ 09:30 - 23:00

De Swisscup ass dëst Joer zu Lausanne. Den 21. Mäerz 2015 moosse mir eis erëm mat de lëtzebuerger Studente vun Zürich, Lausanne a St. Gallen!

Dozou hei e puer wichteg Punkten:

  • D’Ekippe gi, wéi all Joer, vum Comité zesumme gestallt. Hei fann der d’Tabell mat den Ekippen: Ekippen Swisscup15
  • Wann vill Leit sech vir eng selwecht Sportaart umelle gi méi Ekippe gemaach.
  • Well net jiddereen all Sportaart mat mécht a vläit net scho frei Moies well op Lausanne fueren hu mer decidéiert, dass jiddereen sech selwer ëmt den Transport a Schlofplatze muss bekëmmeren. Et ass e Parking bei der Sporthal. Dësen ass Samschdes gratis! Op kee Fall an déi giel markéiert Parkplatze stellen!!
  • Dëst Joer ass de Fraefussball, duerch Unihockey ersat ginn. Unihockey ass also nëmme vir d’Meedercher.
  • D’Iessen ass net obligatoresch. Am Fall wou een decidéiert net mat an d’Mensa iessen ze goen, muss en sech selwer drëm bekëmmeren.
  • Vestiairen, Duschen an Toiletten sin nierwt der Haal wou mer spillen. Brengt just een Schlass mat fir d’Schief an den Vestiairen, soss kritt der déi net zou!
  • Wasser an Uebst vir d’Sportler gëtt vunn der AELL zur Verfügung gestallt. Bréngt trotzdem är eege Saache mat!
  • Et däerf een och mat op de Swisscup goe wann ee net matspillt! All Ënnerstëtzung ass gär gesinn! =) Dir kënnt iech an dem Fall awer vir d’Iessen umellen.

 

Hei de Programm vun der AELL (Ännerunge si méiglech an Detailer kommen nach no!):

Wéini? 21. Mäerz 2015 mat Rendez-Vous 09:30 Auer
Wou? Sportshal (Centre Sportif Dorigny Lausanne) SOS1 vun der Universitéit Lausanne. Entrée ass bei der Hal SOS2.D’Adress ass: Centre sportif de Dorigny, CH-1015 Lausanne (Plang weider ënnen)
Start Um 10:00 Auer
Spillplang
  1. Fussball (1. Match um 10:00 Auer; et gëtt op Zäit gespillt)
  2. Basketball (1. Match um 11:30 Auer; et gëtt op Zäit gespillt)
  3. Unihockey (Match um 14:00 Auer; et gëtt op Zäit gespillt)
  4. Volleyball (1. Match um 14:30 Auer; et gëtt bis 17 Pkt. gespillt, an der Final bis 25 Pkt. mat 2 Pkt. Differenz)

–> Mëttegiessen an der Mensa vun der Uni ass vunn 12:30-13:30 Auer. Mëttegiesse kascht 15-18 CHF. Et gi Nuddelen (vegetaresch an net vegetaresch). D’Mensa vunn der UNIL ass 500 m vunn der Sporthal fort.

–> De genaue Programm fann der hei a Form vunn engem Excel-Dokument: Programm-Swisscup

Nom Swisscup Bei guddem Wieder gëtt en Apéro um Séi gemat. Wann d’Wieder net matspillt gi mer iessen an duerno feieren.
Plang vum Sportcampus vun der Universitéit Lausanne

Plang vum Sportcampus vun der Universitéit Lausanne

Hannergrondinformatiounen:

De Swisscup ass en traditionellen Tournoi tëschent de lëtzebuerger Studentencercelen an der Schwäiz. E gëtt all Joer vun engem anere Cercle organiséiert. Et ass eng super Geleeënheet vir nei Léit kennen ze leieren a sech sportlech mat deenen anere Studenten ze moossen.

Details

Datum:
21/03/2015
Zeit:
09:30 - 23:00
Veranstaltungkategorie:

Veranstalter

AELL

Veranstaltungsort

Lausanne
Schweiz + Google Karte

Kalender präsentiert von The Events Calendar