De Friblëtz
De Friblëtz zielt mëttlerweil eng 50 Lëtzebuerger Studenten zu senge Memberen. gegrennt gouf de Friblëtz 1996 vun enger Grupp Frënn déi de Lëtzebuerger Studenten zu Fribourg wollten d’Méiglechkeet ginn sech méi einfach kennen ze leieren an sech auszetauschen.
Traditionell soll de Cercle also de Kontakt tëschent de Studenten erméiglechen an Informatiounen ubidden. Mëttlerweil sinn d’Aufgabe vum Friblëtz mei waitgräifend. Eng sëllechen Eventer wei de wéchentleche Stammdesch oder de järleche Ski Weekend ginn organiséiert, et gëtt zesumme Sport gemaach a bei akademesche Froe gehollef. Well Fribourg net déi gréisste Staat ass an de Friblëtz net de gréisste Cercle kennt een sech gutt a muss ni wäit siche fir nei Frënn ze fannen.







