Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Stréit a Streik em geplangte Reform vun der Studiebäihëllef

Geschrieben am 15/04/2014 Von Comité Friblëtz

Hëtzeg Diskussiounen iwwer déi geplangte Studiebäihëllef maachen déi lescht Zäit d’Ronn zu Lëtzebuerg. D’Union National des Etudiant-e-s du Luxembourg (UNEL) huet decidéiert op d’Strooss ze goe fir géint déi geplangte Reform ze protestéieren. D’ACEL setzt dergéint weider op den Dialog mam Minister.

De Regierungsrot huet bekannterweis den Gesetzesentworf fir d’Reform vun der Studiebäihëllef ugeholl. Am Artikel “Studienbeihilfe: neue Reform angekündigt” vu Guichet.lu fann der Detailer dozou.

D’UNEL gëtt sech awer mat dëser Reform vun eiser Regierung zefridden. Aus dem Grond gouf am Mäerz eng Petitioun an d’Liewe geruff, déi, déi geplangten Kierzung vun der Bourse kritiséiert. Nom Milena Steinmetzer, Member am Nationalbüro vun der UNEL, as d’Ziel vun dëser Petitioun, bannen 6 Wochen 4.500 Ënnerschrëften ze Sammelen an sou:

“den Kriterien des Parlamentes gerecht zu werden um schließlich in der zuständigen Kommission über die Studienbeihilfen zu diskutieren.”

D’UNEL wëll awer net nëmmen kritiséieren, mee stellt kloer Ufuerderungen un eisen Ministär:

  • D’Basisbäihëllef muss bëssen un d’Liewenskäschten ugepasst ginn wei dat bis elo mat den 2000 Euro am Joer den Fall ass.
  • D’Mobilitéitsbäihëllef soll direkt un den ze bezuelden Loyer gekoppelt ginn an un d’Platz wou een studéiert.
  • Déi sozial gestaffelt Bäihëllef muss d’Geschwëster mat arechnen.

10007001_559975480767280_8183244562019716482_n

Bei der Petitioun alleng soll et allerdéngs net bleiwen: d’UNEL rifft d’Studenten an d’Schüler op den 25. Abrëll streiken ze goen an domat den Drock op d’Regierung weider ze erhéigen. Detailer zum Oflaf vum Streik an weider Detailer fann der op der Säit: www.streik.lu
logo-acel KopieD’ACEL huet decidéiert sech net un dësem Streik ze bedeelegen. D’Association des Cercles d’Etudiant Luxembourgeois distanzéiert sech vum aggressiven Virgoen vun der UNEL. No enger Récksprooch mat den lëtzebuerger Studenten-Cerclen, wëllen si sech net um Streik bedeelegen. D’Fuerderungen vun der UNEL decken sech engersäits net mat deenen vun der ACEL. Anerersäits vertrëtt d’ACEL d’Meenung dass en Streik an dësem Fall net den richtegen Wee ass, fir seng Meenung auszedrécken. Si zéien en konstruktiven Dialog mam Minister fir.

Hei fann der den Eldo-Reportage mat den Aussoen vum ACEL-Präsident Tom Hermes: Eldo-Reportage: Streik wéinst Studiebäihëllef: ACEL méecht net mat

D’Resultater vun den Ennerriedungen mam Minister an d’Positioun vun der ACEL fann der op hierem Internet-Site: www.acel.lu

 

 

 

 

(Quellen: http://news.eldo.lu/aktuell/headlines//48634.html / http://www.rtl.lu/letzebuerg/527238.html / http://www.unel.lu)

Veröffentlicht unter News |
« Bréifwahl ufroen fir d’Europawahlen
Kicker-Tournoi »

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz