U jiddereen den u Sport am Cyclissem intresséiert ass:
Vum 29. Abrëll de 4. Mee, fënnt déi 68. Editioun vum Tour de Romandie statt. De Samschden, den 3. Mee kënnt dëst Evenement och op Fribourg. Mat derbäi sinn all d’Ekippen déi am Cyclissem Rang a Numm hunn, ënner anerem och: Team Sky, Trek Factory Racing, Omega Pharma-Quick Step… a vill anerer!
Fir déi 4. Etapp, kennt den Tour de Romandie dëse Samschden op Fribourg. Start ass um 13h10, ukomme wäerten d’Sportler em 17h12. De Circuit geet iwwer 6 Ronnen op engem Circuit vun 29 Km (Gesamtlängt: 174Km), ënner anerem och queesch duerch d’Stad. Dëst bidd also eng gutt Méiglechkeet fir sech dat Spektakel unzekucken. D’Spektakel ass fir jidderee gratis an et ginn eng Réi Stänn laanscht de Parcours opgeriicht déi fir d’gutt Stëmmung suergen. Hei fann der d’Kaart mam vum gesamte Circuit:
En Evenement vun där Gréisst bréngt leider och ëmmer e puer Problemer mat sech. Onannehmlechkeete wäerte virun Allem am Verkéier optrieden. Dovunner si Quartiere Pérolles (Start an Ziel) an Beaumont am meeschte betraff. D’Fribourger Gemeng réit des Quartiere mam Auto ze vermeiden. Ausserdeem ass de Circuit selwer komplett fir den Verkéier gespaart. Vir weider Informatiounen zu öffentlechen Transport a Verkéier ze kréien, informéiert iech op der Internetsäit vun der Gemeng Fribourg.
Video mat Erklärungen zur 4. Etapp vum Tour de Romandie 2014