Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Author Archives: Comité Friblëtz

ACEL’s Studentenbal

Geschrieben am 20/06/2014 Von Comité Friblëtz

Vakanz, fir dei eng ass se schon do, fir dei aaner kennt se gleich. An wei der all wesst ass am Ufank vun der Summervakanz och emmer den traditionellen Studentenbal vun der ACEL.

Mir hunn do wei all Joer een Stand zesummen mat Lausanne an breichten äer Hellef. Et ginn Leit beim Montage an beim Demontage gebraucht genau sou wei um Bal selwer op eisem Stand an an den Entrees an Bongenkeesen.

Dofir wieren mir ganz frou wann dir eis do keint hëllefen, well wann mir net all Schicht besaat kreien kreien mir leider neicht vum Benefice.

Dei die hellefen wellen kennen sech um Doodle anschreiwen (dir kennt och ganz gäeren op mei Schichten androen). Schreift och w.e.g. emmer FRIB hannert äeren Numm, dann ass et mei liichten den iwerbleck ze behaalen (den Doodle ass zesummen mat den Lausanner).

 

http://doodle.com/efia9khuspy72i8p

 

Mir hunn och 10 Gratis Entrees Ticketen Dei ginn natierlech un dei Leit dei am meeschten hellefen 😉

 

Wann nach froen sinn kennt der ierch gäeren beim Comité mellen

 

Den Comité seet iech lo schon Merci

 

Ären Comité

Veröffentlicht unter Events, Friblëtz Events |

We want YOU!

Geschrieben am 10/06/2014 Von Comité Friblëtz

Hallo dir léif Friblëtzer!

Wei scho puer vun iech matkritt hunn, ginn nächst Joer eng Rei Platzen am Comité fräi. Ouni Comité ass et eis net méiglech weider Evenementer ze organiséieren, dofir brauche mer lo IECH vir eis Reie rëm opzefëllen!

Hud keng Angscht dass der domat keng Zäit méi vir äre Studium hätt: d’Aarbechten sinn sou opgedeelt dass keen ze vill huet, a wann een eng Kéier aussetze musst, kann ëmmer en aneren d’Aufgab iwwerhuelen.

D’Platzen di fräi gi sinn:

    • 2x Eventmanager(in)
    • Sekretär(in)
    • eventuell Tresorier

Jiddereen deen interesséiert ass, kann sech ab elo beim aktuelle Comité mellen! Schreift eis einfach eng Email un comite@fribletz.lu mat:

    • ärem Numm
    • vir wéieng Platz der iech interesséiert
    • wat der studéiert

Wichteg: des Email verflicht iech zu néicht, weder sidd der domat offiziell am Comité! Dat ganzt ass provisoresch vir dass mer eis en Bild vun der Laach kenne maachen.

Mir schreiwen iech dann am Ufank vum neie Joer un ob der nach ëmmer interesséiert sidd an ginn iech d’Informatiounen zum weideren Oflaf. 

D’Uwärter vir e Posten am Comité musse wéinstens an hirem 2. Joer zu Fribourg studéieren.

Mir freeën eis op är Verstäerkung a wënschen iech nach weiderhin vill Gléck an den Examen oder an den Stagen!

 

Veröffentlicht unter Events, News |

Nationalfeierdag @ Bern

Geschrieben am 31/05/2014 Von Comité Friblëtz

Den Samschden, den 21. Juni feiren mer rem (e bessen verfreit) zu Bern beim Lëtzeboier Ambassadeur Nationalfeierdaag!

Rendez-Vous ass zu Bern, dat heescht vir den Transport muss jiddereen vir sech kucken. Et gett en Service Religieux gehaalen, mee dir kennt natiirlech och direkt bei den Amabassadeur goen. Et gëtt wei emmer gratis ze drenken an Ziessen.

Hei as den Ooflaf mat den Auerzäiten:

  • Service Religieux as um 18h30 an der Bruder Klaus Kirche (Ostring 1, Bern);
  • D’Feier as ab 19h30 beim Ambassadeur (Thunplatz 52, Bern)

 

Wichteg bleiwt nach eemol ze betounen dass et eng Feier beim AMBASSADEUR as, dat heescht w.e.g. anstänneg undoen! Dir musst net am Kostüm a Kravatt kommen, mee awer den Emstänn entspreichend ugedoe sinn!

Hei as nach de Link vir den Doodle wann der iech nach net ugemellt hud: Doodle – Nationalfeierdag zu Bern
Mir mussen dei Lëscht un den Ambassadeur schecken, dovir as et wichteg, dass der äre ganzen VIRNUMM a FAMILIENUMM schreiwt!

Léiw Gréiss,

äre Comité

Veröffentlicht unter Events |

Ofschlossfeier 2014

Geschrieben am 09/05/2014 Von Comité Friblëtz

E méi oder wéineger bekannte Mann sot eng Kéier: “Alles hat ein Ende nur die Wurst hat 2!”

Leider zielt dëst och vir eis Friblëtz-Akiviéiten! Vir déi meescht Membere stinn d’Exame virun der Dier, an dofir wëlle mer de Samschden de 17. Mee eist d’Joer ofschléissen. Dat maache mer mat engem klenge Foto-Owend an engem Ofschlossiessen.

De Programm gesäit sou aus:

  • 16h30: Rendez-vous op der Universitéit Pérolles am Sall A230 vir d’Fotoshow
  • 17h30: Maan mer eis op de Wee fir bei d’Sarine, wou mer grillen.Vir dass dat gutt klappt, wär et fein wann der en Grill kéint matbrénge wann der een hutt! De Comité huet och decidéiert d’Gegrills ze bezuelen (Vir d’Vegetarier gëtt och gesuergt!).
  • Bei schlechtem Wieder, gi mer natierlech net grille mee an e Restaurant iessen. Well d’Iessen do awer méi deier gëtt leet de Comité an deem Fall nëmmen en Deel bäi!
  • Duerno kann ee natiirlech weider Party maache goen.

Mellt iech lo um Doodle vir déi verschidden Optiounen un: Doodle Link-Ofschlossfeier. Den Delais ass dësen Donneschden, den 15. Mee

Opgrond vum schlechte Wieder gi mer warscheinlech an den Vapiano vir 19:00 iessen!

 

http://www.youtube.com/watch?v=r8PPYNxhLCU

Video-Quelle: www.youtube.com

Veröffentlicht unter Events, Friblëtz Events |

Tour de Romandie kënnt op Fribourg

Geschrieben am 30/04/2014 Von Comité Friblëtz

U jiddereen den u Sport am Cyclissem intresséiert ass:

Vum 29. Abrëll  de 4. Mee, fënnt déi 68. Editioun vum Tour de Romandie statt. De Samschden, den 3. Mee kënnt dëst Evenement och op Fribourg. Mat derbäi sinn all d’Ekippen déi am Cyclissem Rang a Numm hunn, ënner anerem och: Team Sky, Trek Factory Racing, Omega Pharma-Quick Step… a vill anerer!

 

Parcours 4ième Etape Kopie

Fir déi 4. Etapp, kennt den Tour de Romandie dëse Samschden op Fribourg. Start ass um 13h10, ukomme wäerten d’Sportler em 17h12. De Circuit geet iwwer 6 Ronnen op engem Circuit vun 29 Km (Gesamtlängt: 174Km), ënner anerem och queesch duerch d’Stad. Dëst bidd also eng gutt Méiglechkeet fir sech dat Spektakel unzekucken. D’Spektakel ass fir jidderee gratis an et ginn eng Réi Stänn laanscht de Parcours opgeriicht déi fir d’gutt Stëmmung suergen. Hei fann der d’Kaart mam vum gesamte Circuit:

  • Tour de Romandie – Etape 4 Fribourg.

En Evenement vun där Gréisst bréngt leider och ëmmer e puer Problemer mat sech. Onannehmlechkeete wäerte virun Allem am Verkéier optrieden. Dovunner si Quartiere Pérolles (Start an Ziel) an Beaumont am meeschte betraff. D’Fribourger Gemeng réit des Quartiere mam Auto ze vermeiden. Ausserdeem ass de Circuit selwer komplett fir den Verkéier gespaart. Vir weider Informatiounen zu öffentlechen Transport a Verkéier ze kréien, informéiert iech op der Internetsäit vun der Gemeng Fribourg.

 

Video mat Erklärungen zur 4. Etapp vum Tour de Romandie 2014

 

Veröffentlicht unter Other Events |
« Vorherige Seite
Nächste Seite »

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees
  • Prev
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • Next

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz