Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Category Archives: News

Stammdësch @ Café de la Presse

Geschrieben am 16/09/2014 Von Comité Friblëtz

De Summer geet op en Enn an d’Schoul huet rëm ugefang. Vir dem tristen Alldag ze entkommen lued de Comité op eise Stammdësch am Café de la Presse an! Anescht wei mer et bis elo gewinnt waren, treffe mer eis den Donneschden an net méi Mëttwochs! Rendez-vous ass den 18ten September um 21:00 Auer.

Vir eis nei “Friburger” ass desst eng gutt Geleeënheet vir aner Lëtzebuerger kennen ze leieren. Zudem kënn der dovunner profitéiere Froen un de Comité ze stellen.

D’Adress ass: Boulevard de Pérolles 41

 

Mir freeën eis op e lëschtegen Owend!

Veröffentlicht unter News |

We want YOU!

Geschrieben am 10/06/2014 Von Comité Friblëtz

Hallo dir léif Friblëtzer!

Wei scho puer vun iech matkritt hunn, ginn nächst Joer eng Rei Platzen am Comité fräi. Ouni Comité ass et eis net méiglech weider Evenementer ze organiséieren, dofir brauche mer lo IECH vir eis Reie rëm opzefëllen!

Hud keng Angscht dass der domat keng Zäit méi vir äre Studium hätt: d’Aarbechten sinn sou opgedeelt dass keen ze vill huet, a wann een eng Kéier aussetze musst, kann ëmmer en aneren d’Aufgab iwwerhuelen.

D’Platzen di fräi gi sinn:

    • 2x Eventmanager(in)
    • Sekretär(in)
    • eventuell Tresorier

Jiddereen deen interesséiert ass, kann sech ab elo beim aktuelle Comité mellen! Schreift eis einfach eng Email un comite@fribletz.lu mat:

    • ärem Numm
    • vir wéieng Platz der iech interesséiert
    • wat der studéiert

Wichteg: des Email verflicht iech zu néicht, weder sidd der domat offiziell am Comité! Dat ganzt ass provisoresch vir dass mer eis en Bild vun der Laach kenne maachen.

Mir schreiwen iech dann am Ufank vum neie Joer un ob der nach ëmmer interesséiert sidd an ginn iech d’Informatiounen zum weideren Oflaf. 

D’Uwärter vir e Posten am Comité musse wéinstens an hirem 2. Joer zu Fribourg studéieren.

Mir freeën eis op är Verstäerkung a wënschen iech nach weiderhin vill Gléck an den Examen oder an den Stagen!

 

Veröffentlicht unter Events, News |

Stréit a Streik em geplangte Reform vun der Studiebäihëllef

Geschrieben am 15/04/2014 Von Comité Friblëtz

Hëtzeg Diskussiounen iwwer déi geplangte Studiebäihëllef maachen déi lescht Zäit d’Ronn zu Lëtzebuerg. D’Union National des Etudiant-e-s du Luxembourg (UNEL) huet decidéiert op d’Strooss ze goe fir géint déi geplangte Reform ze protestéieren. D’ACEL setzt dergéint weider op den Dialog mam Minister.

Weiterlesen →

Veröffentlicht unter News |

Bréifwahl ufroen fir d’Europawahlen

Geschrieben am 02/04/2014 Von Comité Friblëtz

Vergiesst d’Europawahlen den 25. Mee net!

Den 25. Mee heescht et erëm wielen goen! Des Kéier sinn D’Europawahlen drun, déi vun den Schwäizer Studenten nawell gär vergiess ginn.Dofir ass hei nach eemol en Rappel:topelement

D’Europawahlen sinn PFLICHT fir all EU-Bierger, also och d’Lëtzebuerger. Well een sech net kann vertrieden loossen, mussen der, wann der deen Dag net zu Lëtzebuerg sidd, eng Bréifwahl ufroen. Den Formular fir den Antrag fann der um Site vun ärer Gemeng oder der kënnt iech en hei als Pdf-Dokument eroflueden: Demande de vote par correspondance

All d’Informatiounen zur Bréifwahl krit der bei ärer Gemeng oder um Site vun Guichet.lu.

Den Antrag muss spéitstens bis den 25. Abrëll bei ärer Gemeng ukomm sinn, also waart net méi ze laang! 😉

Veröffentlicht unter News |

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz