Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Monthly Archives: April 2014

Tour de Romandie kënnt op Fribourg

Geschrieben am 30/04/2014 Von Comité Friblëtz

U jiddereen den u Sport am Cyclissem intresséiert ass:

Vum 29. Abrëll  de 4. Mee, fënnt déi 68. Editioun vum Tour de Romandie statt. De Samschden, den 3. Mee kënnt dëst Evenement och op Fribourg. Mat derbäi sinn all d’Ekippen déi am Cyclissem Rang a Numm hunn, ënner anerem och: Team Sky, Trek Factory Racing, Omega Pharma-Quick Step… a vill anerer!

 

Parcours 4ième Etape Kopie

Fir déi 4. Etapp, kennt den Tour de Romandie dëse Samschden op Fribourg. Start ass um 13h10, ukomme wäerten d’Sportler em 17h12. De Circuit geet iwwer 6 Ronnen op engem Circuit vun 29 Km (Gesamtlängt: 174Km), ënner anerem och queesch duerch d’Stad. Dëst bidd also eng gutt Méiglechkeet fir sech dat Spektakel unzekucken. D’Spektakel ass fir jidderee gratis an et ginn eng Réi Stänn laanscht de Parcours opgeriicht déi fir d’gutt Stëmmung suergen. Hei fann der d’Kaart mam vum gesamte Circuit:

  • Tour de Romandie – Etape 4 Fribourg.

En Evenement vun där Gréisst bréngt leider och ëmmer e puer Problemer mat sech. Onannehmlechkeete wäerte virun Allem am Verkéier optrieden. Dovunner si Quartiere Pérolles (Start an Ziel) an Beaumont am meeschte betraff. D’Fribourger Gemeng réit des Quartiere mam Auto ze vermeiden. Ausserdeem ass de Circuit selwer komplett fir den Verkéier gespaart. Vir weider Informatiounen zu öffentlechen Transport a Verkéier ze kréien, informéiert iech op der Internetsäit vun der Gemeng Fribourg.

 

Video mat Erklärungen zur 4. Etapp vum Tour de Romandie 2014

 

Veröffentlicht unter Other Events |

Kicker-Tournoi

Geschrieben am 28/04/2014 Von Comité Friblëtz

Vir eis scho bëssen op d’Fussball WM 2014 anzestëmmen ass dësen Samschden (3. Mee) rëm eisen alljährleche Kicker-Tournoi!

Treffpunkt ass um 20:00 am Billard Center. D’Adress ass:

Tischkicker

Rue St-Pierre 12

1700 Fribourg

Gespillt gëtt an Ekippe vun 2 Léit. Dofir schreift ären Numm mat dem vun ärem Matspiller am Doodle an. De Match-Programm gi der de Samschde gewuer!

  • Link – Doodle Kickertournoi
Veröffentlicht unter Friblëtz Events |

Stréit a Streik em geplangte Reform vun der Studiebäihëllef

Geschrieben am 15/04/2014 Von Comité Friblëtz

Hëtzeg Diskussiounen iwwer déi geplangte Studiebäihëllef maachen déi lescht Zäit d’Ronn zu Lëtzebuerg. D’Union National des Etudiant-e-s du Luxembourg (UNEL) huet decidéiert op d’Strooss ze goe fir géint déi geplangte Reform ze protestéieren. D’ACEL setzt dergéint weider op den Dialog mam Minister.

Weiterlesen →

Veröffentlicht unter News |

Bréifwahl ufroen fir d’Europawahlen

Geschrieben am 02/04/2014 Von Comité Friblëtz

Vergiesst d’Europawahlen den 25. Mee net!

Den 25. Mee heescht et erëm wielen goen! Des Kéier sinn D’Europawahlen drun, déi vun den Schwäizer Studenten nawell gär vergiess ginn.Dofir ass hei nach eemol en Rappel:topelement

D’Europawahlen sinn PFLICHT fir all EU-Bierger, also och d’Lëtzebuerger. Well een sech net kann vertrieden loossen, mussen der, wann der deen Dag net zu Lëtzebuerg sidd, eng Bréifwahl ufroen. Den Formular fir den Antrag fann der um Site vun ärer Gemeng oder der kënnt iech en hei als Pdf-Dokument eroflueden: Demande de vote par correspondance

All d’Informatiounen zur Bréifwahl krit der bei ärer Gemeng oder um Site vun Guichet.lu.

Den Antrag muss spéitstens bis den 25. Abrëll bei ärer Gemeng ukomm sinn, also waart net méi ze laang! 😉

Veröffentlicht unter News |

All d’Informatiounen fir den Swisscup

Geschrieben am 02/04/2014 Von Comité Friblëtz

Hei ass alles zesummegefaasst wat der fir den Swisscup wëssen musst:

  • Den Swisscup ass dësen Samschden, den 5. Abrëll 2014
  • Rendez-vous ass um 9h30 an der Sportshal vun der Universitéit Pérolles (Adress: Boulevard de Pérolles 95B)
  • Den Tournoi start um 10h00
  • Vestiairen, Duschen an Toiletten sinn um Rez-Chaussée, d’Sportshal as um 2. Stack
  • Gespillt gëtt an folgender Reiefolleg: Fussball, Basketball an Volleyball
  • Fussball an Basketball ginn no Zäit gespillt. Een Match dauert 10 Minutten. D’Finall dogéint dauert 2 x 6 Minutten mat 2 Minutten Halbzeit.
  • Den Volleyball gëtt no Punkten gespillt. Een Match gett bis déi éischt Ekip op 17 Pts. ass. D’Final gëtt bis 25 Pts. gespillt, mat 2 Pts. Differenz
  • Mëttespaus ass um 12h30 – 14h00. Déi, déi sech fir Mëttegiessen am Imprévu ugemellt hunn, kréien en Tri de Pâtes mat Carbonara-, Bolognes- an Pestosauce. D’Iessen kascht 15 Chf.- mat Zalot inclus
  • Déi, déi wëllen, kennen Owes nom Tournoi mat an den Vapiano iessen goen. Do ass keng Umeldung néideg an et muss och jiddereen säin Iessen selwer bezuelen
  • Déi, déi en Trikot bestallt hunn, kréien deen um Swisscup, dofir denkt drun är Suen matzebréngen! Den Trikot kascht 25 Chf.-
  • Denk drun äert Gedrénks matzebréngen (wann een seng Fläsch vergësst, as och en Drénk-Lavabo bei den Sportssäl)

Voilà, dat misst alles sinn. Wann der eng Fro hutt déi net hei beäntwert ass, dann mëllt iech bei engem vum Comité. Mir sinn gär fir iech do!

Veröffentlicht unter Friblëtz Events |

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz