
Juli 2015
Acel Studentebal
Den traditionellen Studentebal fënnt dëst Joer den 17. Juli statt! Wéi och all déi aaner Joer kënn der gäeren hëllef mat op an oofrichten an och den Owend selwer hannert dem Comptoir, oder an enger vun den Keesen hëllefen. Jiidereen deen mathëlleft kritt natierlech eng Gratis Entree vun der ACEL, an nach puer Gratis Gedrenksbongen vum Friblëtz. Meld Iech einfach hei un: Op an Ofrichten: Doodle 1-2 Léit pro Schicht Comptoir & Keesen: Doodle Comptoir: 6-8 Léit pro Schicht Keesen: 1 pro…
Mehr erfahren »August 2015
Schueberfouer 2015
Léif Memberen, sou lues awer sécher geet d'Vakanz op een Enn, leider. An domatten kommen mer dann och zu eiser leschter Aktivitéit fir d'Joer 2014/2015. Och dëst Joer organiséieren mer eng Foueraktivtéit. Mellt iech bis den Donneschden, 13. August um 12:00 Auer hei um Doodle un. Klickt un wéieen Datum iech am beschten geet (28/08 , 02/09 & 05/09) an op der mat iesse gitt! Iesse gi mer an de Restaurant “Kessel”. Rendez-vous ass um 20:15 Auer virun der Dier vum Restaurant “Kessel”. hei een Link vum Restaurant: http://www.kessel.lu Äre Fribletz-Comité UPDATE: Mir ginn Mëttwochs den 02/09 op d'Fouer, OPPASSEN d'Auerzeit huet geännert, rdv ass réicht um 20:15!
Mehr erfahren »Comité 2015/2016
Léif Memberen, Leider geet och déi schéinste Summervakanz eemol ob en Enn. Gläich ginn d'Kuere rëm ausgepaakt a mer hänke mat de Nuese rëm an de Bicher. Mee dat neit Schouljoer bréngt och Guddes: nei Friblëtz-Aktivitéiten! Fir dass dëst Joer sou flott (oder nach besser) gëtt wéi dat lescht, brauche mir e neien a motivéierte Comité! Ab elo kënn der iech offiziell fir eng Platz am Comité 2015/2016 mellen. Déi definitiv Wiel vum Comité fënnt dann op der AG 2015/2016 (rechent viraussiichtlech mam 28. September) statt. Délai fir är Kandidatur ass den 20. September 2015.…
Mehr erfahren »September 2015
Assemblée Générale 2015/2016
D'Uni an d'Héichschoulen si rëm un an d'Studenten hänke rëm mat der Nues an de Bicher. Soumat geet och dem Friblëtz seng nei Saison un! Wéi all Joer fänke mir mat enger Assemblée Générale un. Dës fënnt Méindes, den 28. September um 19:00 Auer am Gebai PER21 vun der Universitéit statt (Adress: Bd de Pérolles 90). Rendez-Vous ass am Sall A230 um 2. Stack. Op der AG loosse mir d'Joer 2014/2015 nach eemol revue passéieren a mir ginn iech e klengen Abléck wat iech dëst…
Mehr erfahren »Test-Event
Lorem ipsum dolor sit amet, consetetur sadipscing elitr, sed diam nonumy eirmod tempor invidunt ut labore et dolore magna aliquyam erat, sed diam voluptua. At vero eos et accusam et justo duo dolores et ea rebum. Stet clita kasd gubergren, no sea takimata sanctus est Lorem ipsum dolor sit amet. Lorem ipsum dolor sit amet, consetetur sadipscing elitr, sed diam nonumy eirmod tempor invidunt ut labore et dolore magna aliquyam erat, sed diam voluptua. At vero eos et accusam et…
Mehr erfahren »Oktober 2015
Ofstëmmung fir Grindelwald
Wéi op der AG schonn ugekënnegt ass hei d'Ofstëmmung wou mer dëst Joer zu Grindelwald solle schlofen. Zu Auswiel stinn 2 Jugendherbergen: Downtown Lodge an de Youthhostel Grindelwald. Béid hu jeeweils hier Fir- a Nodeeler. D'Jugendherberg mat de meeschte Stëmme gëtt geholl. Hei um Link kënn der är Stëmm ofginn: Doodle - Ofstëmmung Grindelwald Délai ass Freides de 9. Oktober 2015 um 12:00 Auer! Hei e puer Fir- a Nodeeler fir iech d'Entscheedung bësse méi einfach ze maachen: Downtown Lodge (Link Homepage - Downtown Lodge): Firdeeler:…
Mehr erfahren »Wandertour um Schwarzsee
Endlech ass esou wäit! De neie Comité ass gewielt an déi éischt Eventer stinn um Programm. Mir fänke wéi all Joer mat enger "kultureller" Aktivitéit un. Dëst Joer gi mir op de Schwarzsee wanderen. Rendez-vous ass dësen Samschden den 3. Oktober. De Programm gesäit folgendermoossen aus: 11:00 Auer: Treffe beim Irish fir d'Leit op d'Autoen opzedeelen 12:00 Auer: Mir kommen um Schwarzsee beim Tourismuszentrum un a wanderen drop lass 14:00 Auer: Mir maachen eng Paus am Restaurant Bärghuus Riggisalp 14:45 Auer: Mir fuere mat de Monster-Trottikick zréck no ënnen (dës kaschten 15.- CHF op…
Mehr erfahren »Daf 2015
De Samschden de 17. Oktober um 14:00 Auer ass et esou wäit: eis alljährlech Daf fënnt statt! Eng super Geleeënheet vir e gudden Dag ze verbréngenan eng gutt Méiglechkeet nei Leit kennen ze leieren. Dofir loosst iech dat net entgoen! Bei der Daf ginn eis Bleuen an de Cercle agefouert. Natierlech gëtt och dëst Joer kee fir eppes gezwongen, mee et ass all Joer erëm e super Event an et wär schued dat ze verpassen. No der Daf gëtt natierlech och nach de Roi a Reine des…
Mehr erfahren »Umeldung fir Grindelwald 2016
Et ass decidéiert, d'Vollek huet gesprach! Mat engem kloren Virsprong vun 13 Stëmmen hu dir iech derzou entschloss, dass se wëllen zu Grindelwald am Youth Hostel wëlle schlofen. Lo gëtt et Zäit sech unzemellen! De Skiweekend ass dëst Joer vu Freides dem 26. bis de Sonnden 28. Februar 2016! Och wann mir eréischt nächst Semester op Grindelwald ginn, muss mir dëst Semester schonn reservéieren an dëst sou séier wéi méiglech. Natierlech gi mir och erëm dëst Joer owes Schlitt fueren mat uschléissender Fondue!…
Mehr erfahren »November 2015
Friblëtz Beer Pong Tournoi déi III.
De Weekend no Allerhellgen ass et esou wäit: déi 3. Editioun vum Friblëtz Beer Pong Tournoi fënnt statt! De 7. November kucke mer op d'Championen vum leschte Joer hiren Titel verteidegen kënnen oder op 2 nei Beer Pong-Titanen aus eise ville Memberen erfier ginn. Wéi all Joer ass den Tournoi erëm am Keller vum Centre Fries. Rendez-Vous ass um 18:30. Gespillt gëtt erëm an 2-er Ekippen. Maximal kënne 16 Ekippe matspillen! Pro gespillte Match bezilt d'Ekipp 2 Béier an 1 Béier…
Mehr erfahren »1. Swisscup Training
De Swisscup, sou krute mer duerch eise Spioun innerhalb vum Zürecher Comité matgedeelt, wärt an der éischter Halschent vun Abrëll stattfannen. Zäit nees fit ze ginn, fir dass mer eis Platze vum leschte Joer verteidegen a verbesseren! Dofir treffe mir eis dëse Samschden um 14h00 an der Sportshal vun der Universitéit um Pérolles. Sidd w.e.g. schonn éischter do fir dass mer pünktlech ufänke kënnen! Duschen a Vestiairen stinn eis zur Verfügung. De Programm gesäit folgendermoossen aus: 14h00: Fussball (1h) 15h00: Volleyball…
Mehr erfahren »Chrëchtmaart zu Montreux
Mir ginn och dëst Joer erëm op de Chrëschtmaart zu Montreux fir e bësse Chrëschtdagsloft ze schnupperen. A villäicht fënnt den een oder aneren nach e Kaddo...! Doodle - Montreux Chrëschtmaart (Délai: Mëttwoch den 25. November um 12:00) Vir dëst Event gëtt et keng Limitt u Persounen. Mir probéieren sou vill Leit an den Autoen ënner ze brénge wéi méiglech. Aus dësem Grond wier et gutt wann jiddereen den en Auto huet säin zu Verfügung stelle kéint. Et gi Parkingen no…
Mehr erfahren »Grindelwald: Aschreiwung vir d’Zëmmeren
Den éischte Schnei ass gefall: Zäit also vir sech op Ski-Saison virzebereeden. D'Umeldung vir op Grindelwald ass schonn duerch. Lo gëllt et sech an d'Zëmmeren anzeschreiwen. So eis a wéi enger "Festung der Einsamkeit" dass de wëlls deng Nuechte verbréngen. D'Moiesiessen an an all Zëmmer abegraff. Zur Verfügung stinn: 1 x 9 Bettzëmmer 4 x 6 Bettzëmmer 3 x 4 Bettzëmmer Nach e puer Reegelen: - Mellt iech mat Virnumm AN Familljennumm un - Et däerf nëmmen 1 Virnumm/Numm pro Spallt…
Mehr erfahren »Dezember 2015
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…!
Kleeserchersdag feiere mir erëm mat engem gudden Iessen nach eng Feier déi de Kleeschen och nach op senger Wollek matkritt. A wien weess...vläit, wann mer haart genuch sange kommen de Kleesche an den Houseker bis laanscht kucken...? Doodle - Iessen a Party Kleeschen Dëst Joer iesse mer eis chinesesch Fondue an eisem Stammcafé, dem Café de la Presse. Vir dass e bësse Bewegung era kënnt, gëtt et en Zalotebuffet. Als Bäilag gi Räiss an/oder Fritten servéiert. Dat ganzt kascht iech 28.- CHF. Vir d'Vegetarier ënnert eis ass natierlech…
Mehr erfahren »Tournoi de Noël
Den Tournoi de Noël oder och Tournoi universitaire fënnt dëst Joer Dënschdes den 22. Dezember bis Mëttwochs den 23. Dezember 2015 statt. Et gëtt Volleyball, Basketball a Fussball gespillt. Doodle - Tournoi de Noël Um Tournoi de Noël zu Lëtzebuerg moossen sech déi verschidde Lëtzebuerger Cercle an 3 Sportaarte géint eneen. Dënschdes den 22. gëtt Volleyball a Basketball gespillt. Mëttwochs den 23. gëtt de ganzen Dag Fussball gespillt. Well de Berner Cercle LSBe net sou vill Memberen huet ewéi mir, hu mir decidéiert hinne bëssen ënnert…
Mehr erfahren »Februar 2016
Skiweekend zu Grindelwald
Informatiounen zum Oflaaf – Skiweekend Grindelwald Départ (17:00): Rendez-Vous vir den Départ op Grindelwald ass de Freiden, de 26. Februar um 17:00 Auer um Parking beim Irish (Grand-Places 12, 1700 Fribourg). Sidd w.e.g. all PÜNKTLECH do vir dass mer mat Zäit fortkommen! Hei ginn d’Leit op déi verschidden Autoen a Camionnetten opgedeelt an d’Gepäck agelueden. Déi, déi nach net bezuelt hunn, mussen d’Suen (89 CHF) matbréngen! W.e.g. kommt nëmme mat deenen Autoen déi ugemellt sinn! All Auto den do ass,…
Mehr erfahren »März 2016
Après-Ski Party am Centre Fries
“ESSSKALATIOOON“: Dëse Samchden ass eis Après-Ski Party! Ab 17:00 Auer gëtt den éischte Béier servéiert an op d'Après-Ski Hits, opgeluecht vum DJ Kiko, gefeiert! Wéi d'lescht Joer gëtt et eng Bar bannen a baussen. D'Party geet bis se eis erausgeheien. Vir den Honger ze bändegen, schméisse mer de Grill un. Vir Kuelen a Material suergt äre Comité, dir musst just äert Iessen selwer matbréngen. E WELCOME-SHOT VIR JIDDEREEN DEN AM APRES-SKI DRESS KENNT! D'Party ass en Intercercle an en oppend…
Mehr erfahren »2. Swisscup Training
Fir eis optimal op de Swisscup dëst Semester ze preparéiere an esou eis Cup ze verteidegen, muss e bësse geschweest ginn! Mir treffen eis dofir um 14:00 an der Sportshal vun der Uni um Pérolles fir ze trainéieren. Mir fenken erëm mat Fussball un. Duerno kënnt de Volleyball an zum Schluss de Basketball (alles jeeweils 1 Stonn). WICHTEG: Wann der um Swisscup matspille wëllt, wär et vir d'Gestaltung vun den Ekippen immens hëllefräich wann der géingt op den Training kommen.…
Mehr erfahren »April 2016
Student Night am Dean (Rives de Clausen)
Wéinst dem grousse Succès vum leschte Joer, organiséieren mer erëm d'Student Night am Dean an der Rives de Clausen. Dës Kéier hu mer nach e Partner bäi kritt. Nieft de Lausanner Studenten schaffen mer dëst Joer och mat dem neien Berner Cercle zesummen. Ticketen kritt der ab elo bei all Comitésmember vum Friblëtz. En Ticket kascht 5 Euro. Et handelt sech heibäi net ëm en Entréesticket mee ëm en Gedrénksbong, den der am Dean géint e (klengen )Béier, Wäin, Cidre…
Mehr erfahren »Bouneschlupp am Centre Fries
Den 5. Abrëll weisen mir de Schwäizer wéi een anstänneg kacht! Et ass Lëtzebuerger Owend am Centre Frieswou mer Bouneschlupp kachen. Jiddereen as häerzlech wëllkomm an de Comité wär frou wann den een oder aaneren och eng Hand wéilt mat upacken kommen.
Mehr erfahren »