Fraizäit

Wann dir iech fir Fribourg entscheet hutt, garantéieren ech iech, dass dir Iech net sou séier langweilt.
Am Summer ginn et endlos Méiglechkeeten fir an d’Bierger Spadséieren ze goen, op d’Séien ze fueren a vill aner Aktivitéiten ze maachen.
Am Wanter ass een ganz séier am Skigebiet fir ganz vill Spaass am Schnéi ze hunn.
No engem haarden Dag an der Schoul ginn et vill Méiglechkeeten Zäit mat Frënn an der Stad ze verbréngen a schéin Plazen ze entdecken. Souwuel an der Alstad wéi och an der neier Stad fannt Dir flott Plazen fir ze relaxen. Owes kënnt Dir Schwäizer Kichen genéissen an den Owend mat Frënn an engem Café ofschléissen.

Sportlech gesinn kann Fribourg sech och weisen loossen. Souwuel am Äishockey wei och am Basket gëtt Fribourg ganz gutt vertrueden.Am Äishockey huet Fribourg Gottéron blbalba. Mat der enormer flotter Stëmmung lount et sech ganz sécher an BCF Arena mat 9.000 weideren Spectateuren Gottéron supportéieren ze goen. https://www.gotteron.ch/de/Home/SaisonOch am Basket spillt Olympic Fribourg bei den Männer wei och bei den Fraen ganz uewen am Klassement mat. Fribourg Olympic huet scho 20 mol déi Schwäizer Meeschterschaft gewonnen an huet souguer 2022 den Quadruple gewonne.