Places To Be

Musikalesch

imagesWat dat Musikalescht ubelaangt, do bidd Fribourg fir all Mënsch eppes: All Joer ass Jazzfestival, wou op all Eck an der Staat Concerten sin. Eis ‘Rockhal’ heescht Fri-Son, wou emmer rëm gutt Konceren sinn. Enner Anerem waren schonn Placebo, Beastie Boys, Monster Magnet, Korn, K’s Choice, Sepultura, Mando Diao… hei.

 

fries

Dann gëtt et den Centre Fries, e Studentewunneng, wou all Mëttwochs kleng Schwäizer (heiansdo och auslännesch) Gruppen sech presentéieren kommen.

Nieft den musikaleschen Events, organiséiert den Centre Fries och aner flott Owender fir Studenten.

 

Party

Wat d’Erausgoen ubelaangt huet Fribourg virun Allem Studenten-Partyen am Fri-Son ze bidden. Däi sinn meeschtens Donneschdes Owes an kaschten an der Reegel keen Entrée. Ausserdeem gëtt et nach den Mythic, den Le Quai an den Rock wou ëmmer rëm eng lass ass.

Ween zu Fribourg feieren well, muss wëssen, dass Weekends net vill lass ass. Do gin nämlech déi meescht Studenten (virun Allem d’Schwäizer) heem. Ëmsou mäi leeft dofir an der Woch! Méindes wann d’Studenten zréck sinn ass “Crazy Monday” wou virun allem am Irish Pub “Paddy Reilly’s” den Bam brennt. Fir déi, déi um 1 Auer nach net heem wëllen, geet et weider an den Rock deen bis 6 Auer moies op huet.

 

disco

 

Iessen an drenken

l

Nieft dësen groussen Clib, ginn et nach vill flott Studenten-Bistrot’en, wei d’Ancienne Gare, den Populaire, den BelvédèreCyclo, Antidote, den Irish Pub an den Le Commerce.

Den Belvédère ass virun Allem bei guddem Wieder en absoluten “must”. Seng Terrass mat Bléck iwwert den Dall vun der Sarine däerf een sech net entgoen loossen.

 

 

UnknownKulinaresch huet Fribourg eng Palette vun gudden Restauranten ze bidden. Vum beschten Burger an der Staat am Café Populaire, iwwert d’Pizza am Molino oder asiateschen Fast Food am Mike Wong, bis hin zur Kéisfondue am Café du Midi bleift keen Wonsch onerfëllt.