
Februar 2016
Skiweekend zu Grindelwald
Informatiounen zum Oflaaf – Skiweekend Grindelwald Départ (17:00): Rendez-Vous vir den Départ op Grindelwald ass de Freiden, de 26. Februar um 17:00 Auer um Parking beim Irish (Grand-Places 12, 1700 Fribourg). Sidd w.e.g. all PÜNKTLECH do vir dass mer mat Zäit fortkommen! Hei ginn d’Leit op déi verschidden Autoen a Camionnetten opgedeelt an d’Gepäck agelueden. Déi, déi nach net bezuelt hunn, mussen d’Suen (89 CHF) matbréngen! W.e.g. kommt nëmme mat deenen Autoen déi ugemellt sinn! All Auto den do ass,…
Mehr erfahren »März 2016
Après-Ski Party am Centre Fries
“ESSSKALATIOOON“: Dëse Samchden ass eis Après-Ski Party! Ab 17:00 Auer gëtt den éischte Béier servéiert an op d'Après-Ski Hits, opgeluecht vum DJ Kiko, gefeiert! Wéi d'lescht Joer gëtt et eng Bar bannen a baussen. D'Party geet bis se eis erausgeheien. Vir den Honger ze bändegen, schméisse mer de Grill un. Vir Kuelen a Material suergt äre Comité, dir musst just äert Iessen selwer matbréngen. E WELCOME-SHOT VIR JIDDEREEN DEN AM APRES-SKI DRESS KENNT! D'Party ass en Intercercle an en oppend…
Mehr erfahren »2. Swisscup Training
Fir eis optimal op de Swisscup dëst Semester ze preparéiere an esou eis Cup ze verteidegen, muss e bësse geschweest ginn! Mir treffen eis dofir um 14:00 an der Sportshal vun der Uni um Pérolles fir ze trainéieren. Mir fenken erëm mat Fussball un. Duerno kënnt de Volleyball an zum Schluss de Basketball (alles jeeweils 1 Stonn). WICHTEG: Wann der um Swisscup matspille wëllt, wär et vir d'Gestaltung vun den Ekippen immens hëllefräich wann der géingt op den Training kommen.…
Mehr erfahren »April 2016
Student Night am Dean (Rives de Clausen)
Wéinst dem grousse Succès vum leschte Joer, organiséieren mer erëm d'Student Night am Dean an der Rives de Clausen. Dës Kéier hu mer nach e Partner bäi kritt. Nieft de Lausanner Studenten schaffen mer dëst Joer och mat dem neien Berner Cercle zesummen. Ticketen kritt der ab elo bei all Comitésmember vum Friblëtz. En Ticket kascht 5 Euro. Et handelt sech heibäi net ëm en Entréesticket mee ëm en Gedrénksbong, den der am Dean géint e (klengen )Béier, Wäin, Cidre…
Mehr erfahren »Bouneschlupp am Centre Fries
Den 5. Abrëll weisen mir de Schwäizer wéi een anstänneg kacht! Et ass Lëtzebuerger Owend am Centre Frieswou mer Bouneschlupp kachen. Jiddereen as häerzlech wëllkomm an de Comité wär frou wann den een oder aaneren och eng Hand wéilt mat upacken kommen.
Mehr erfahren »Swisscup zu Zürech
Eis 2 Trainingen sinn absolvéiert an de Swisscup zu Zürech kënnt ëmmer méi no. Hei fann der de genaue Programm vir de ganzen Dag an Informatiounen zum Parking: Swisscup Vir den Transport an eng Schlofplatz muss erëm jiddereen vir sech kucken. Wann der keen zu Zürech kënnt vir do ze Schlofen, mellt iech w.e.g. beim Comité per Email (comite@fribletz.lu). Mir leeden dat dann un d'Zürecher Kollegen weider. Vir dass eise Sportsminister d'Ekippe kann maachen, biede mer iech, iech spéitstens bis…
Mehr erfahren »Visite vun der Freiburger Biermanufaktur
De 16. Abrël steet eisen kulturellen Ausfluch um Programm...an dee gëtt sëffeg! 😉 Mir ginn d'Freiburger Biermanufaktur kucken. Rendez-Vous ass um 13H45 virun der Biermanufaktur (Impasse de la Sous-Station 3, 1700 Fribourg) Mir kréien an engem Bierseminar vun 1 1/2H d'Grondlagen vum Béierbrauen erklärt. Währenddem kréie mer verschidden Sorten Béier A DISCRETION ze "schmaachen"! Dat ganz kascht 24.- CHF p.P, Béier natierlech abegraff. Vir mat ze goen, mellt iech w.e.g. bis spéitstens den Donneschden de 14. Abrëll um 12H00 um…
Mehr erfahren »Pub Quiz
Éiert den Examensstress lass geet steet nach de Pub Quiz virun der Dier! Rendez-Vous ass um 18h30 virun dem Café Ancienne Gare. Hei kritt der den Oflaf erklärt a krit ären "Start-Café" matgedeelt. Hei fänkt ären Tour un a gitt vu Café zu Café. An all Café muss der kniffleg Spiller a Rätselen léisen a kënnt Punkte sammelen (an vleit e klengen Béierchen kippen vir déi, déi Loscht hunn 😉 ). Rätselen wäerten iech och ënnerwee begleeden...! D'Gewënnerekipp erwaard e flotte Präis. Gespillt…
Mehr erfahren »Mai 2016
Beer Pong Turnoi déi 2.
Et ass esou wäit...! Den 2. Beer Pong Turnoi ass lo definitiv an de Friblëtz-Programm geholl ginn! Leider kënnen mir dëst Event nëmmen ënner 2 Konditiounen organiséieren: Et mussen sech min. 32 Leit vir den Turnoi umellen (d.h. 16 Ekippen à 2 Leit) Mir brauchen nach 4 Memberen déi eis den Owend selwer hëllefen (d.h. Bar, Schiedrichter, opriichten, raumen, botzen. Am Géigenzuch vir är Hëllef kënn der gratis consomméieren) Matspillen kënn der trotzdem! Vir matzemaachen muss all Spiller 10.- CHF…
Mehr erfahren »Foto Owend mat Ofschloss Apéro an Iessen
Als Ofschloss vum Joer 2015/16 hu mer nees eisen traditionellen Foto Owend. D’Fotoshow kucke mer wéi ëmmer an engem Sall op der Universitéit um Pérolles II, wou der dann och en Apéro vum Comité offréiert krit (de genaue Sall krit der nach mat Zäiten matgedeelt). Rendez-vous ass um 16:00 Auer op der Universitéit. Vir e gutt Joer ofzeschléissen, muss een natierlech och gutt iesse goen! Dofir hu mir an der Brasserie Le Commerce en Dësch vir eis all reservéiert, wou de Comité villeicht…
Mehr erfahren »Juni 2016
Nationalfeierdag zu Bern
Wéi all Joer sin mer och rem des Kéier op d'Nationalfeierdags Receptioun an der Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur um Thunplatz 52 zu Bern agelueden. Wéi ëmmer wärt etrem gratis Gedrénks an Iessen ginn. Tenue correcte ass PFLICHT! Dat ganzt geet den 23. Juni um 18:30 un an dauert bis 20:30. Duerno gi mer nach all vir gewéinlech weider raus zu Bern. Jiddereen muss vir sech kucken wéi en Bern kënnt. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 16. Juni 2016 um…
Mehr erfahren »Juli 2016
20 Joer Friblëtz… Save the date!!
Mir, d'Lëtzebuerger Studenten zu Fribourg freeën eis, Iech op eis 20 Joerfeier mat Gala Dinner am Melusina ze invitéieren! PROGRAMM: 19h00 Ouverture vun der mat Aperitif 19h30 Usprooch vun der Presidentin an Inviteën 19h45 Gala Walking Dinner gekacht vum Becker Gaston, eemolege Chefkach an der Nationalekipp 22h00 Öffentleche Bal mam DJ Bisi PRÄIS: Präis vir Membere vum Friblëtz: 40.- Präis vir Net-Memberen: 60.- (abegraff am Präis ass d'Iessen, d'Gedrénks bis 22h00, d'Entrée vir den unschléissenden Bal an d'Entrée fir an…
Mehr erfahren »Acel Studentebal 2016
Den traditionellen Studentebal vun der ACEL fënnt dëst Joer den 22. Juli statt! Wéi déi Joren virdrun ass de Bal rem op der Wiss beim P&R Bouillon. En ass open-air an Zelt! Wéi ëmmer siche de Friblëtz a Lausanner Comité rëm no Memberen déi eis beim Op- an Ofrichten an och den Owend selwer hannert dem Comptoir, oder an enger vun den Keesen hëllefen! Jiidereen deen mathëlleft kritt natierlech eng gratis Entrée! Wann der eis hëllefen wëllt, mellt iech w.e.g. hei…
Mehr erfahren »September 2016
1. Stammdësch am Café de la Presse
Dat neit Uni-Joer steet virun der Dier an eng ganz Rei nei, jonk, al a ganz al Lëtzebuerger sinn schonn zu Fribourg ukomm! Dofir organiséiere mir schonn éiert et eescht gëtt en éischte Stammdësch a Lëtzebuerger Stammlokal "Café de la Presse". Dëst ass eng gutt Geleeënheet vir Kollegen erëm ze gesinn. Besonnesch intressant ass dësen Owend awer vir eis nei Studenten (PH an Uni) vir sech an de Cercle ze integréieren, nei Kontakter a Kollegen ze fannen a méi iwwert d'Liewen an de Studium zu Fribourg gewuer ze ginn! Kommt also all de 15. September ab…
Mehr erfahren »Friblëtzer Welcome-Owend & Generalversammlung 2016
Dënschdes, de 27. September 2016 start de Friblëtz säi Joer offiziell mat engem Welcome-Owend an der Generalversammlung! Rendez-Vous ass um 18H00 am Sall A230 vun der Faculté des Sciences Economiques et Sociales (SES), Bvd. de Pérolles 90. Dësen Owend dengt dazou, eis nei Studenten ze begréissen, e neie Comité ze wielen, de Programm vum neie Joer e presentéieren, Memberskarten ze verkaafen a sech kennen ze léieren. Natirlech kënn dir hei och är Froen zum Cercle stellen déi mer iech gär beäntverten. No der Versammlung gi mer…
Mehr erfahren »Skiweekend Umellung
Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haaptpunkten hei drënner, fann dier ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och déi w.e.g. duerch. Datum: 24-26 Februar 2017 Skigebiet: Laax Hotel: Riders Palace Käschten: Memberen: CHF 90 Doranner abegraff ass: Schlofen am 5-Bett Zëmmer (ouni Kaffi) Transport am Bus vun Fribourg op Laax Mëllt iech wann ech gelift bis zum 31. Oktober um Doodle un. Nom Delai ass et…
Mehr erfahren »Oktober 2016
Bowling
Moien leiw Memberen, Daat neit Semester huet hoffentlech fier aerch all gudd ugefaangen an et gett Zait fier daat eicht Event vum Fribletz. Also maat aerch de Sonnden den 2ten Oktober prett, fier no enger ustrengender Woch an d'Bowlingsschung ze klammen an an engem lockeren Turneier ze weisen, dass der et faerdegbrengt ee Strike nom aaneren ze treffen. Daat ganzt leeft am Fribowling (Rue Saint-Pierre, 6) em 18h an kascht 10 CHF op de Kapp fier all d'Bowlingspartien. Gedrenks an…
Mehr erfahren »Pubrallye
Moien dir léif Memberen, Eist 2. Event steet firun der Dier. Mir präsenteieren iech den legendären Pubrallye, deen den 14. Oktober 2016 um 18h30 (w.e.g. sierft pünktlech) firun der AG (Ancienne Gare) start. Mir invitéieren iech heimadden op en flotten an gemeinsamen Owend, wou dir derbai och nach d'Staat Fribourg, dei wichtegst Kafféen an är lëtzeboier Kollegen besser kennenléieren kënnt. Hei ass den Link fir den Doodle wou dir iech bis den Mëttwoch den 12. Oktober 2016 bis 19h00 unmellen kënnt.…
Mehr erfahren »November 2016
Daf
Léif Membren, den 5. November 2016 um 14:00 Auer ass et eseu wäit: eis alljährlech Daf fënnt dann statt. Dëst Event ass emmer eng flott Gelegenheet fir en amusanten Dag an Owend ze verbrengen. Mir wellen awer och préziseieren, dass keen zu eppes gezwongen gett. Dat ganzt wärt fir eis Bleuen op der Wiss firum Irish um 14:00 Auer starten. Am Verlaaf vum Daag wärten dei verschidden Aktivitéiten stattfannen an Owes gin mir an den Café Mon Chez Moi fir…
Mehr erfahren »Kniddelenowend am Café de la Presse
Mir verbannen eise Stammdësch mat enger gudder Kniddelfriess! Vun 19h00 bis 22h00 kacht de Comité iech Kniddelen (alternativ mat Speck an enger Specksauce) am Café de la Presse. Den Teller kascht iech 5.- CHF vir Memberen an 10.- vir Net-Memberen. Wann der secher eng Platz wëllt kréien reservéiert iech en Dësch. Rufft dofir direkt am Café de la Presse un: +41 26 422 33 69 Mellt iech w.e.g. och op eisem Facebook-Event vir de Kniddelowend un, vir dass mer kënnen…
Mehr erfahren »