
Februar 2017
Skiweekend
An dësem Dokument fann der déi lescht wichteg Detail (Départ zu Fribourg, RV vir Restaurant, etc.) vir eise Skiweekend zu Laax. W.e.g. lued Iech dëst all erof a liest et gudd duerch. Bei Froen, zeckt net dem Comité direkt ze schreiwen. LAAX_Programm_Details Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haptpunkten direkt hei drënner, fann dir ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och…
Mehr erfahren »März 2017
Après-Ski
Den 4. Mäerz 2017 ass et nees esou wäit! De Friblëtz feiert seng traditionnell Après-Ski Party. Mir erwaarden iech ab 16h00, wéi och läscht Joer, am Centre Fries zu Fribourg (Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg). Mir starten mat enger Happy Hour (-1 CHF op all Gedrénks) déi bis 17h00 daueren wärt. Vir den Honger stellen mir Iech e grousse Grill zur Verfügung. Dir musst awer äert Iessen selwer matbrengen. Den DJ Kiko suergt dafir, dass och garantéiert jiddereen an Après-Ski Stëmmung kënnt! Dat ganzt…
Mehr erfahren »Friblëtz-Jacketten Bestellung
Mir hunn eis dazou entschloss dëst Joer nei Jacketten vir eise Cercle ze maachen. D'Jacketten sin aus 100% Bio-Kotteng aus nohaltegem Ubau an gi vun enger Lëtzebuerger Entreprise, "Sentinel City" vir eis gedréckt. Den Design, den hannen op de Reck vun de Jaquette kënnt, ass vum Julie Meisch entworf a kombinéiert de Lëtzebuerger roude Léif mam Tuerm vun der Kathedral vun Fribourg an mam Draach vu Gottéron Hei um Doodle kënn ab elo är Jackett bestellen. Vir d'Gréissten kuckt w.e.g.…
Mehr erfahren »Bouneschlupp
Den 14. März kacht de Comité Iech erem am Centre Fries eng gutt Bouneschlupp. Dir sidd allenguerten ab 19h00 herzlesch wëllkomm an dat ganzt kascht ronn 6.- CHF, Gedrenks ass net mat abegraff. Den Comité freet sech iwert judderen den eng Hand mat unpacken kommen well. Vir déi Leit dei gearen helefen kommen, kennen ab 15h00 kommen an kréien hiert iesen och fir neicht. Dëst Event ass net nemmen fir't Letzebuerger, mais fir juddereen ob.
Mehr erfahren »April 2017
Swisscup
Den 1. Abrëll as et erëm esou wäit! Um Swisscup moosse mer eis géint den LSZ an den AELL an de Disciplinnen: Fussball, Volleyball, Basketball an Fraen-Unihockey (falls genuch Leit). Ab elo kënn der Iech vir déi verschidde Sportarten umellen. Délais ass den 27. Mäerz um 08h00: Doodle - Swisscup (Ekippen) WICHTEG: WANN DER MATSPILLT AN NACH KEEN SWISSCUP-TRIKOT HUTT MUSS DER IECH DEN ESOU SEIER EWEI MEIGLECH IWERT EISE FRISHOP BESTELLEN: LINK FRISHOP RECHENT MAT 7 DEEG VIR D'LIWERUNG.…
Mehr erfahren »Friblëtz meets Luxembourg
Wéi gewinnt am 2. Semester, organiséieren mir erëm een Event zu Lëtzebuerg. Vue dass den Dean seng Dieren zougemach huet, feieren mer dës Kéier den 21. Abrëll am M Club zu Hollerëch! Friblëtz meets Luxembourg ass eng super Geleeënheet vir een onvergiesslegen Owend zësummen mat senge Lëtzebuerger a Fribourger Kollegen ze erliewen! D'Event ass op vir jiddereen. Profitéiert also an lued är Kollegen an! Kenn der Lycée-Schüler déi un engem Studium zu Fribourg interesséiert sinn? Lued se an an bitt hinnen d'Chance…
Mehr erfahren »Mai 2017
Quiz- & Kniddelowend
Eise Quiz-a Kniddelowend steet virun der Dier. Et ass eist läscht Event virun der AG an Ofschlossfeier. Rendez-Vous ass de 4. Mee am Café de la Presse. Lass geet et um 19:00h mat den Kniddelen. Kichen ass bis 21h00 op. Mir servéieren eng Variant mat Speck an eng Variant ouni Fleesch fir eis vegetaresch Memberen. Den Teller kascht 5CHF fir Memberen an 10 CHF fir net Memberen. Den Quiz selwer fänkt um 20:30h un an ass integral an der Presse. Gespillt gëtt (min.)…
Mehr erfahren »Assemblée Générale Extraordinaire, Ofschlossfeier & Jacketten
Eist lescht Event ass an 3 Deeler gedeelt. Alles fënnt am Centre Fries statt: AG extraordianaire Friblëtz-Jacketten Ofschlossfeier 1. AG extraordinaire: Heimat invitéiert de Friblëtz-Comité Iech häerzlech op seng Assemblée Générale extraordinaire, den 13. Mee 2017 um 18h00 am groussen Iesssall vum Centre Fries, Rue Guillaume-Techtermann 8, 1700 Fribourg. Mir géingen eis freeën all eis Memberen op dësem, vir de Fortbestand vum Cercle wichtegen Event begréissen ze kënnen. Mellt Iech op dësem Doodle vir d'AG un. Wann der eréicht méi spéit…
Mehr erfahren »Juli 2017
September 2017
Friblëtz Opening Soiree
Leiw Memberen, Mer begréissen mat dësem Event all Mënsch ganz häerzlech zu Fribourg - souwuel déi nei wei och all déi, déi d'Stad an de Cercle schon kennen. Ab 18:00 Auer Samschdes, den 23ten September, sidd der all häerzlech wëllkomm am Pavillon Vert vun der Uni Fribourg fir e klengen Patt ze drénken. Em hallwer 8 gitt der dann alleguerten vum Comité begréisst, der kritt e klengen Ausbléck ob eis Events vum Semester an natierlech all déi wichtegst Informatiounen iwwert eisen Cercle an iwwert d'Stad Fribourg. Mer këmmeren eis em e bëssen Geknabbers…
Mehr erfahren »Oktober 2017
Fribourg Goes Gottéron
Hei umellen w.e.g. De Match ass den 3ten Oktober, mer treffen eis ab 18h bei der Haal um St.Leonard fier en Apero an gin dann zesummen de Match kucken. w.e.g. SPEITSTENS em 18h30 do sin, em 18h45 gin d'Dieren op an well mer e grousse Grupp sin, welle mer su schnell et geet erangoen. Den Ticket kascht fier Memberen 15CHF a fier net-Memberen 19CHF https://beta.doodle.com/poll/249id8yvymcngnph Deadline ass den 29ten September em 12 Auer!
Mehr erfahren »Friblëtz Bowlingturnéier
Léiw Memberen, Eist Bowlingsturneier ass erem um Program dest Semester. Daat ganzt fennt statt den 8ten Oktober em 19h am FriBowling. Umellen kennt der ierch bis e Freiden em 18h iwwert desen Link: https://doodle.com/poll/zf34qytpbtbi2azm Den Owend kascht ierch 10CHF pro Persoun, doranner abegraff sin all d'Matcher, dei der de ganzen Owend spillt. Am Turneier spillt all Mensch mindestens 3 Partien. Mer frëeen eis drop ierch alleguerten do ze begreissen an e lockert Turneier kennen ze hun.
Mehr erfahren »Daf
Léif Memberen, den 14. Oktober 2017 um 14:00 Auer ass et esou wäit: eis alljäerlech Daf fënnt dann statt. Dat ganzt wäert fir eis Bleuen op der Wiss virum Irish (Grand-Places 12) um 14:00 Auer starten. Dëst ass eisen Startpunkt vum klengen Parcours duerch Fribourg. Am Verlaf vum Dag wäerten verschidden Aktivitéiten an Spiller stattfannen an Owes ginn mir an den Le Monche fir z'iessen an ze feieren. An den Le Monche dierfen souwuel Bleuen wei och Zuschauer oder Memberen iessen an feieren kommen. Um Menü steet zur Auswiel Lasagne oder Spaghetti à l'ail.…
Mehr erfahren »Kniddelen um Stammdesch
Mir verbannen eise Stammdësch mat enger gudder Kniddelfriess! Vun 19h30 un kacht de Comité iech Kniddelen mat Speck an enger Rahmsauce (ouni Speck kann och zerveiert gin) am Café de la Presse. Den Teller kascht iech 5.- CHF vir Memberen an 10.- vir Net-Memberen. Dono loosen mer dann den Owend mat eisen traditionellen Stammdësch auskléngen. Mellt iech w.e.g. och op Doodle vir de Kniddelowend un, vir dass mer kënnen d’Quantitéiten aschätzen an genuch Plaazen reserveieren! https://beta.doodle.com/poll/siswphtzgr6wckd8 Kommt lanscht a genéisst…
Mehr erfahren »November 2017
Beerpong Turneier
Den 4ten November ass et erëm esou wait, dat grousst Beerpong Turnéier vum Friblëtz fënnt am Centre Fries statt. Wëlls du dech an d'Hall Of Fame androen vun den Gewënner vum Beerpong Turnéier? Wann jo, dann lies weider an du gesäis all d'Informatiounen fir d'Turnéier vun dësem Joer. D'Turnéier start den 4ten November em 16h am Centre Fries (Rue Guillaume-Techtermann 8) an gespillt gëtt an Ekippen vun 2. 10CHF pro Persoun ginn fir d'Turnéier gefrot, doranner abegraff ass all Gedrénks, wat fir d'Turnéier benotzt gëtt. All Ekipp spillt…
Mehr erfahren »Pubcrawl zu Fribourg
Den 24. November organiséiert den Friblëtz en Pubcrawl duerch Fribourg, wou mir an insgesamt 7 verschidden Caféen gin. Dat ganzt fänkt um 20.30h un a wäert bis 03.00h goen. Treffpunkt ass géint 20.30h am éischte Café (Cyclo Boulevard de Perolles, 91), wou mir dann all zesummen den éischte Béier zesumme genéissen. Pro Café sinn +- 45min agerechent an Ënnerwee, vun engem an deen anere Café, verdeelt de Comité 2 Zorte vu Shots. Een dovunner ass de bekannte „Swiss Kiss“, deen…
Mehr erfahren »Dezember 2017
Kleeschen an Fleeschfondue
Léif Memberen, Mer kruten eng gudd Nooriicht: de Kleeschen an den Houseker kommen eis och dëst Joer rëm op Fribourg besichen an hun eis hir E-Mail Address matgedeelt!! dekleeschen@outlook.com Déi zwëe waarden gespaant op är Geschichten iwwer är Matstudenten an Mat-Friblëtzer! Hu dir eng witzeg Geschicht oder Anekdot iwwert iegendeen? Dann scheckt se per Email! Mer bieden all Mensch, deenen zwëe Geschichten ze schécken, fir dass iwwer vill Leit e flotte Reim kann geschriwwen gin. Daat ganzt wier fier eist…
Mehr erfahren »Schlittschong Fueren
Léiw Memberem, den 17ten Dezember, ier et fier Chrëschtdaag op Letzebuerg geet, gin mer nach engkeier all zesummen Schlittschong fueren. Daat ganzt start em 14h, geet bis 16h30, an ass an der BCF Arena, genau op deem Äis, op deem och Gottéron spillt. Den Friblëtz bezillt Entrée, Schlittschung leinen (3CHF) an Casier lounen (4CHF, kann een zu puer huelen) musst der selwer bezuelen. Wann der also wellt do fueren, wou den Sprunger, Rathgeb, Cervenka, Bykov an ween net nach…
Mehr erfahren »Februar 2018
Ski-Weekend Crans-Montana
Hei ass den Doodle fier sech fier den Ski-weekend vum 23ten bis den 25ten Februar 2018 unzemellen. https://beta.doodle.com/poll/xtwvzye7rk3p3v95 Den Trajet+Hotel+Frühstück kascht ierch 105CHF, d'Buchungen gin iwwert de Friblëtz. Wann der en Auto zu Fribourg hudd an de wellt zur Verfügung stellen, mellt aerch w.e.g. och hei am Doodle mam Auto un. Bezuelt dei 105CHF w.e.g. bis de Schluss vum Joer 2017 op eisen Schwaizer Konto, mat ärem Numm an dem Vermierk: IBAN: CH37 0900 0000 8912 7263 1 BIC:…
Mehr erfahren »