
- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
Student Night am Dean (Rives de Clausen)
02/04/2016

Wéinst dem grousse Succès vum leschte Joer, organiséieren mer erëm d’Student Night am Dean an der Rives de Clausen. Dës Kéier hu mer nach e Partner bäi kritt. Nieft de Lausanner Studenten schaffen mer dëst Joer och mat dem neien Berner Cercle zesummen.
Ticketen kritt der ab elo bei all Comitésmember vum Friblëtz. En Ticket kascht 5 Euro. Et handelt sech heibäi net ëm en Entréesticket mee ëm en Gedrénksbong, den der am Dean géint e (klengen )Béier, Wäin, Cidre oder eng Coupe Cremant aléisen kënnt. Dir hutt de Virdeel e Gedrénks méi bëlleg ze kréien a gläichzäiteg äre Cercle ze ënnerstëtzen.
Mir soen iech lo schonn MERCI vir är Ënnerstëtzung a mir freeën eis op e flotten Owend! 🙂