Fribourg

12

Basisdaten:

Kanton: Fribourg

Awunnerzuel: +- 40.000

Unzuel Studenten: +- 10.000

Sprooch: Déitsch a Franséich

Places-to-be fir Studenten: Fri-Son, Centre Fries, Cyclo, Popu, Peddy Reilly’s,…

 

Fribourg läit 30 Km süd-westlech vu Bern, ronn 500 Km Autobunn vun Lëtzebuerg ewech. Des kléng Stiedchen (nëmmen 40.000 Awunner) mat sengen Tiermercher, Maueren a Portaler huet säin mëttelalterlechen Charme behal. D’Staat Fribourg besteet, grad wei d’Staat Lëtzebuerg, aus 2 Deeler. Am Dall léit d’Alstad, an ronderëm sinn no an no nei Quartieen gebaut ginn. D’Alstad besteet aus goteschen Gebaier, schmuel Gaassen, moleresch Brécken an ‘Beizen’ (Bistrot’en op schwäitzerdäitsch). D’Kathedral ass dem hellegen Niklos geweit, deen de Patréiner vun der Stad. Aus Geldmangel krut hiren 76 Meter heichen Turm keen Daach, duerwéinst huet een awer eng super Aussiicht iwwert déi ganz Staat.

Fribourg huet doniewent och vill Muséen ze bidden, ënner anerem z.B. den Niki de St. Phalle an Jean Tinguely Musée an der molerescher Aalstad. Fribourg ass och bekannt fir säin Filmfestival mat wéineger bekannten an net reng kommerziellen Filmer. Och den Openair-Kino däerf een net vergiessen.

[vimeo 111428880 w=750&h=420]