Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

Skiweekend Umellung

28/09/2016 @ 08:00 - 31/10/2016 @ 17:59

  • « Friblëtzer Welcome-Owend & Generalversammlung 2016
  • Bowling »

Hei fannt dir all Informatiounen zum desjähregen Skiweekend vum Friblëtz zu Laax! Nieft den Haaptpunkten hei drënner, fann dier ënnert dem Doodle Link och nach méi eng laang Beschreiwung mat allen Detailer vum Weekend. Liest iech och déi w.e.g. duerch.

Datum: 24-26 Februar 2017

Skigebiet: Laax

Hotel: Riders Palace

Käschten: Memberen: CHF 90

Doranner abegraff ass:

  • Schlofen am 5-Bett Zëmmer (ouni Kaffi)
  • Transport am Bus vun Fribourg op Laax

Mëllt iech wann ech gelift bis zum 31. Oktober um Doodle un. Nom Delai ass et net méi méiglech sech ofzemellen. Wann der duerno awer net wëllt mat goen gëtt eng Ofmeldung nëmme mat engem serieuxen Grond ugeholl. Anerefalls muss der ee fannen den an ärer Platz matgeet oder dir musst d‘Stornogebühren* selwer bezuelen.

Doodle Skiweekend Laax

Genau Informatiounen:

No villen Joren zu Grindelwald huet den Friblëtz sech dëst Joer eppes ganz neits ausgeduecht fir den Skiweekend.

Wat ass Anescht?: Alles !!!

Skigebiet:

Dës Saison geet et effektiv net méi op Grindelwald, mee wie schonn erwähnt op Laax. Dëst Skigebitt ass net nëmmen ee vun deenen greisten aus Graubünden mee huet sech och op di jonk Cientelle spezialiséiert. Soumat huet Laax fir all Mënsch eppes ze bidden, sief et fir Ski/Snowboardfuhrer awer selbstverständlech och fir Net-Skifuhrer. Mee iwwerzeegt iech am beschten selwer um Internetsite laax.com

(P.S. Och muss een hei keen Zuch méi huelen fir opt Pisten wei zu Grindelwald mee et ass een an 10min mat der Gondel um Bierg 😉

Hotel: Riders Palace Laax

Geschlof gëtt dëst Joer och net méi an enger traditioneller Jugendherberg mee am RidersPALACE. Dëst ass en neien Hotel speziell fir Jonker. Hei fënnt een zum Beispill am Keller vum Hotel eng vun den bekanntsten Diskoen aus den Alpen: Den Riders Palace Club.

Mee dat bescht ass, dass den Hotel quasi direkt un der Pist an bei der Gondel leit (+/- 200m)

Detailer:

-Alles 5-Bett Zëmmer

-WC/Dusch AM Zëmmer

-Föhn+Dicher+ Bettgedëcks ass alles do!

Transport:

Och fueren mer dëst Joer net méi mat privat Autoen dohinner mee mat engem groussen Bus. Dëst ass méi bequem an sou kann den Weekend schonn um 18h mat engem klengem Aperitif am Bus ufänken.

(Déi Leit déi trotzdem mam eegenen Auto wëllen fueren kënnen dat gär maan, mee den Friblëtz iwwerhëlt dann net Käschten fir den Transport+Parking)

Programm:

Freides 24.02.

-Depart 17-18h: Dëst hänkt dovun of weilang d’Leit insbesondere déi vun der PH, Cour hunn. Mir waarden op all Mënsch!

-Warm-up am Bus: Aperitif offréiert vum Friblëtz

-Arrivée zu Laax géint 21h jee no Trafic.

Samsten : 25.02

-Owes : Gemeinsamen Aperitif offréiert vum Friblëtz an Iessen op enger Hütt (15min ze Fous vun Laax)

Sonndeg: 26.02

Depart géint 17h zu Laax

 

 Preis:

Memberen. CHF 90.-

An dësem Preis ass den Hotel (ouni Kaffi) an den Transport am Bus op Laax abegraff. Wann der wëllt am Hotel Kaffi drénken ass dat keen Problem, dat muss der dann just selwer op der Platz bezuelen (CHF 15)

Et ass obligatoresch fir dëst Event eng Memberskaart vum Friblëtz ze hun. Net Memberen sinn häerzlech wëllkomm an kënnen sech gären am Doodle aschreiwen mee mussen sech dann just eng Semestermemberskaart(CHF 15.-) huelen.

Skipass: CHF 135.- -> Dësen Preis gëllt nëmmen wann der en iwwer Friblëtz kaaft, mir maan eng Sammelbestellung an profiteiren dann vum Gruppentariff. -> Doodle kënnt no.

All wieder Informatiounen wei och den Doodle fier den Skipass ant d’Iessen vum 2. Owend kommen am Laaf vum Semester no!

*Stornogebühren: Bis 7 Deeg virum Depart: CHF 45.-

Ab 7 Deeg: 100%

+ zu Google Kalender hinzufügen+ Exportiere iCal

Details

Beginn:
28/09/2016 @ 08:00
Ende:
31/10/2016 @ 17:59
Veranstaltungkategorie:
Friblëtz Events

Veranstaltungsort

Laax
Graubünden Schweiz + Google Karte
  • « Friblëtzer Welcome-Owend & Generalversammlung 2016
  • Bowling »

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz