Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Lade Veranstaltungen

Anstehende Veranstaltungen

Veranstaltungen Such- und Ansichtennavigation

Finde

Veranstaltung Ansichtennavigation

Veranstaltungen Suche

  • « Vorherige Veranstaltungen
  • Nächste Veranstaltungen »

Oktober 2015

Wandertour um Schwarzsee

03/10/2015 @ 11:00 - 16:00
Schwarzsee, Schwarzseestrasse 212
Schwarzsee, Fribourg 1716 Schweiz
+ Google Karte
15.-CHF

Endlech ass esou wäit! De neie Comité ass gewielt an déi éischt Eventer stinn um Programm. Mir fänke wéi all Joer mat enger "kultureller" Aktivitéit un. Dëst Joer gi mir op de Schwarzsee wanderen. Rendez-vous ass dësen Samschden den 3. Oktober. De Programm gesäit folgendermoossen aus: 11:00 Auer: Treffe beim Irish fir d'Leit op d'Autoen opzedeelen 12:00 Auer: Mir kommen um Schwarzsee beim Tourismuszentrum un a wanderen drop lass 14:00 Auer: Mir maachen eng Paus am Restaurant Bärghuus Riggisalp 14:45 Auer: Mir fuere mat de Monster-Trottikick zréck no ënnen (dës kaschten 15.- CHF op…

Mehr erfahren »

Daf 2015

05/10/2015 - 09/10/2015

De Samschden de 17. Oktober um 14:00 Auer ass et esou wäit: eis alljährlech Daf fënnt statt! Eng super Geleeënheet vir e gudden Dag ze verbréngenan eng gutt Méiglechkeet nei Leit kennen ze leieren. Dofir loosst iech dat net entgoen! Bei der Daf ginn eis Bleuen an de Cercle agefouert. Natierlech gëtt och dëst Joer kee fir eppes gezwongen, mee et ass all Joer erëm e super Event an et wär schued dat ze verpassen. No der Daf gëtt natierlech och nach de Roi a Reine des…

Mehr erfahren »

Umeldung fir Grindelwald 2016

15/10/2015 @ 08:00 - 23/10/2015 @ 12:00
Grindelwald, Grindelwald Youth Hostel
Grindelwald, Geissstutzstrasse 12 , CH-3818 Schweiz
+ Google Karte
CHF92

Et ass decidéiert, d'Vollek huet gesprach! Mat engem kloren Virsprong vun 13 Stëmmen hu dir iech derzou entschloss, dass se wëllen zu Grindelwald am Youth Hostel wëlle schlofen. Lo gëtt et Zäit sech unzemellen! De Skiweekend ass dëst Joer vu Freides dem 26. bis de Sonnden 28. Februar 2016! Och wann mir eréischt nächst Semester op Grindelwald ginn, muss mir dëst Semester schonn reservéieren an dëst sou séier wéi méiglech. Natierlech gi mir och erëm dëst Joer owes Schlitt fueren mat uschléissender Fondue!…

Mehr erfahren »

November 2015

Friblëtz Beer Pong Tournoi déi III.

07/11/2015 @ 18:15 - 08/11/2015 @ 01:00
Centre Fries Fribourg, Rue G. Techtermann 8, CH-1700 Schweiz + Google Karte
CHF.-6.

De Weekend no Allerhellgen ass et esou wäit: déi 3. Editioun vum Friblëtz Beer Pong Tournoi fënnt statt! De 7. November kucke mer op d'Championen vum leschte Joer hiren Titel verteidegen kënnen oder op 2 nei Beer Pong-Titanen aus eise ville Memberen erfier ginn. Wéi all Joer ass den Tournoi erëm am Keller vum Centre Fries. Rendez-Vous ass um 18:30. Gespillt gëtt erëm an 2-er Ekippen. Maximal kënne 16 Ekippe matspillen! Pro gespillte Match bezilt d'Ekipp 2 Béier an 1 Béier…

Mehr erfahren »

1. Swisscup Training

14/11/2015 @ 12:00 - 17:00
Sportshal Université de Fribourg Pérolles Fribourg, Bvd de Pérolles 95, CH-1700 Schweiz + Google Karte

De Swisscup, sou krute mer duerch eise Spioun innerhalb vum Zürecher Comité matgedeelt, wärt an der éischter Halschent vun Abrëll stattfannen. Zäit nees fit ze ginn, fir dass mer eis Platze vum leschte Joer verteidegen a verbesseren! Dofir treffe mir eis dëse Samschden um 14h00 an der Sportshal vun der Universitéit um Pérolles. Sidd w.e.g. schonn éischter do fir dass mer pünktlech ufänke kënnen! Duschen a Vestiairen stinn eis zur Verfügung. De Programm gesäit folgendermoossen aus: 14h00: Fussball (1h) 15h00: Volleyball…

Mehr erfahren »

Chrëchtmaart zu Montreux

28/11/2015
Chrëchtmaart Montreux Montreux, Place du Marché, quais, Grand-Rue, CH-1820 Schweiz + Google Karte

Mir ginn och dëst Joer erëm op de Chrëschtmaart zu Montreux fir e bësse Chrëschtdagsloft ze schnupperen. A villäicht fënnt den een oder aneren nach e Kaddo...! Doodle - Montreux Chrëschtmaart (Délai: Mëttwoch den 25. November um 12:00)  Vir dëst Event gëtt et keng Limitt u Persounen. Mir probéieren sou vill Leit an den Autoen ënner ze brénge wéi méiglech. Aus dësem Grond wier et gutt wann jiddereen den en Auto huet säin zu Verfügung stelle kéint. Et gi Parkingen no…

Mehr erfahren »

Grindelwald: Aschreiwung vir d’Zëmmeren

28/11/2015 @ 15:00 - 14/12/2015 @ 12:00
Grindelwald, Grindelwald Youth Hostel
Grindelwald, Geissstutzstrasse 12 , CH-3818 Schweiz
+ Google Karte

Den éischte Schnei ass gefall: Zäit also vir sech op Ski-Saison virzebereeden. D'Umeldung vir op Grindelwald ass schonn duerch. Lo gëllt et sech an d'Zëmmeren anzeschreiwen. So eis a wéi enger "Festung der Einsamkeit" dass de wëlls deng Nuechte verbréngen. D'Moiesiessen an an all Zëmmer abegraff. Zur Verfügung stinn: 1 x 9 Bettzëmmer 4 x 6 Bettzëmmer 3 x 4 Bettzëmmer Nach e puer Reegelen: - Mellt iech mat Virnumm AN Familljennumm un - Et däerf nëmmen 1 Virnumm/Numm pro Spallt…

Mehr erfahren »

Dezember 2015

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…!

11/12/2015 @ 19:00 - 12/12/2015 @ 06:00
Café de la Presse Boulevard de Pérolles 41, 1700 Schweiz + Google Karte

Kleeserchersdag feiere mir erëm mat engem gudden Iessen nach eng Feier déi de Kleeschen och nach op senger Wollek matkritt. A wien weess...vläit, wann mer haart genuch sange kommen de Kleesche an den Houseker bis laanscht kucken...? Doodle - Iessen a Party Kleeschen Dëst Joer iesse mer eis chinesesch Fondue an eisem Stammcafé, dem Café de la Presse. Vir dass e bësse Bewegung era kënnt, gëtt et en Zalotebuffet. Als Bäilag gi Räiss an/oder Fritten servéiert. Dat ganzt kascht iech 28.- CHF. Vir d'Vegetarier ënnert eis ass natierlech…

Mehr erfahren »

Tournoi de Noël

22/12/2015 - 23/12/2015
Sportshal Campus Geesseknäppchen Luxemburg + Google Karte

Den Tournoi de Noël oder och Tournoi universitaire fënnt dëst Joer Dënschdes den 22. Dezember bis Mëttwochs den 23. Dezember 2015 statt. Et gëtt Volleyball, Basketball a Fussball gespillt. Doodle - Tournoi de Noël Um Tournoi de Noël zu Lëtzebuerg moossen sech déi verschidde Lëtzebuerger Cercle an 3 Sportaarte géint eneen. Dënschdes den 22. gëtt Volleyball a Basketball gespillt. Mëttwochs den 23. gëtt de ganzen Dag Fussball gespillt. Well de Berner Cercle LSBe net sou vill Memberen huet ewéi mir, hu mir decidéiert hinne bëssen ënnert…

Mehr erfahren »

Februar 2016

Skiweekend zu Grindelwald

26/02/2016 @ 17:00 - 28/02/2016 @ 17:00

Informatiounen zum Oflaaf – Skiweekend Grindelwald Départ (17:00): Rendez-Vous vir den Départ op Grindelwald ass de Freiden, de 26. Februar um 17:00 Auer um Parking beim Irish (Grand-Places 12, 1700 Fribourg). Sidd w.e.g. all PÜNKTLECH do vir dass mer mat Zäit fortkommen! Hei ginn d’Leit op déi verschidden Autoen a Camionnetten opgedeelt an d’Gepäck agelueden. Déi, déi nach net bezuelt hunn, mussen d’Suen (89 CHF) matbréngen! W.e.g. kommt nëmme mat deenen Autoen déi ugemellt sinn! All Auto den do ass,…

Mehr erfahren »

März 2016

Après-Ski Party am Centre Fries

05/03/2016 @ 17:00 - 23:59
Centre Fries Fribourg, Rue G. Techtermann 8, CH-1700 Schweiz + Google Karte

“ESSSKALATIOOON“: Dëse Samchden ass eis Après-Ski Party! Ab 17:00 Auer gëtt den éischte Béier servéiert an op d'Après-Ski Hits, opgeluecht vum DJ Kiko, gefeiert! Wéi d'lescht Joer gëtt et eng Bar bannen a baussen. D'Party geet bis se eis erausgeheien. Vir den Honger ze bändegen, schméisse mer de Grill un. Vir Kuelen a Material suergt äre Comité, dir musst just äert Iessen selwer matbréngen. E WELCOME-SHOT VIR JIDDEREEN DEN AM APRES-SKI DRESS KENNT! D'Party ass en Intercercle an en oppend…

Mehr erfahren »

2. Swisscup Training

19/03/2016 @ 14:00 - 17:00
Sportshal Université de Fribourg Pérolles Fribourg, Bvd de Pérolles 95, CH-1700 Schweiz + Google Karte

Fir eis optimal op de Swisscup dëst Semester ze preparéiere an esou eis Cup ze verteidegen, muss e bësse geschweest ginn! Mir treffen eis dofir um 14:00 an der Sportshal vun der Uni um Pérolles fir ze trainéieren. Mir fenken erëm mat Fussball un. Duerno kënnt de Volleyball an zum Schluss de Basketball (alles jeeweils 1 Stonn). WICHTEG: Wann der um Swisscup matspille wëllt, wär et vir d'Gestaltung vun den Ekippen immens hëllefräich wann der géingt op den Training kommen.…

Mehr erfahren »

April 2016

Student Night am Dean (Rives de Clausen)

02/04/2016
Dean, 48 Montée de Clausen
Luxembourg, L-1343 Luxemburg
+ Google Karte

Wéinst dem grousse Succès vum leschte Joer, organiséieren mer erëm d'Student Night am Dean an der Rives de Clausen. Dës Kéier hu mer nach e Partner bäi kritt. Nieft de Lausanner Studenten schaffen mer dëst Joer och mat dem neien Berner Cercle zesummen. Ticketen kritt der ab elo bei all Comitésmember vum Friblëtz. En Ticket kascht 5 Euro. Et handelt sech heibäi net ëm en Entréesticket mee ëm en Gedrénksbong, den der am Dean géint e (klengen )Béier, Wäin, Cidre…

Mehr erfahren »

Bouneschlupp am Centre Fries

05/04/2016

Den 5. Abrëll weisen mir de Schwäizer wéi een anstänneg kacht! Et ass Lëtzebuerger Owend am Centre Frieswou mer Bouneschlupp kachen. Jiddereen as häerzlech wëllkomm an de Comité wär frou wann den een oder aaneren och eng Hand wéilt mat upacken kommen.

Mehr erfahren »

Swisscup zu Zürech

09/04/2016

Eis 2 Trainingen sinn absolvéiert an de Swisscup zu Zürech kënnt ëmmer méi no. Hei fann der de genaue Programm vir de ganzen Dag an Informatiounen zum Parking: Swisscup Vir den Transport an eng Schlofplatz muss erëm jiddereen vir sech kucken. Wann der keen zu Zürech kënnt vir do ze Schlofen, mellt iech w.e.g. beim Comité per Email (comite@fribletz.lu). Mir leeden dat dann un d'Zürecher Kollegen weider. Vir dass eise Sportsminister d'Ekippe kann maachen, biede mer iech, iech spéitstens bis…

Mehr erfahren »

Visite vun der Freiburger Biermanufaktur

16/04/2016
Freiburger Biermanufaktur, Impasse de la Sous-Station 3
Fribourg, Fribourg 1700 Schweiz
+ Google Karte
CHF24

De 16. Abrël  steet eisen kulturellen Ausfluch um Programm...an dee gëtt sëffeg! 😉 Mir ginn d'Freiburger Biermanufaktur kucken. Rendez-Vous ass um 13H45 virun der Biermanufaktur (Impasse de la Sous-Station 3, 1700 Fribourg) Mir kréien an engem Bierseminar vun 1 1/2H d'Grondlagen vum Béierbrauen erklärt. Währenddem kréie mer verschidden Sorten Béier A DISCRETION ze "schmaachen"! Dat ganz kascht 24.- CHF p.P, Béier natierlech abegraff. Vir mat ze goen, mellt iech w.e.g. bis spéitstens den Donneschden de 14. Abrëll um 12H00 um…

Mehr erfahren »

Pub Quiz

30/04/2016 @ 18:30 - 22:00
Café Culturel Ancienne Gare, Esplanade de l'Ancienne-Gare 3
Fribourg, 1700 Schweiz
+ Google Karte
kostenlos

Éiert den Examensstress lass geet steet nach de Pub Quiz virun der Dier!  Rendez-Vous ass um 18h30 virun dem Café Ancienne Gare. Hei kritt der den Oflaf erklärt a krit ären "Start-Café" matgedeelt. Hei fänkt ären Tour un a gitt vu Café zu Café. An all Café muss der kniffleg Spiller a Rätselen léisen a kënnt Punkte sammelen (an vleit e klengen Béierchen kippen vir déi, déi Loscht hunn 😉 ). Rätselen wäerten iech och ënnerwee begleeden...! D'Gewënnerekipp erwaard e flotte Präis. Gespillt…

Mehr erfahren »

Mai 2016

Beer Pong Turnoi déi 2.

14/05/2016 @ 17:00 - 23:00

Et ass esou wäit...! Den 2. Beer Pong Turnoi ass lo definitiv an de Friblëtz-Programm geholl ginn! Leider kënnen mir dëst Event nëmmen ënner 2 Konditiounen organiséieren: Et mussen sech min. 32 Leit vir den Turnoi umellen (d.h. 16 Ekippen à 2 Leit) Mir brauchen nach 4 Memberen déi eis den Owend selwer hëllefen (d.h. Bar, Schiedrichter, opriichten, raumen, botzen. Am Géigenzuch vir är Hëllef kënn der gratis consomméieren) Matspillen kënn der trotzdem! Vir matzemaachen muss all Spiller 10.- CHF…

Mehr erfahren »

Foto Owend mat Ofschloss Apéro an Iessen

28/05/2016 @ 16:00 - 23:59
Université de Pérolles II, Boulevard de Pérolles 90 Fribourg 1700 Schweiz + Google Karte

Als Ofschloss vum Joer 2015/16 hu mer nees eisen traditionellen Foto Owend. D’Fotoshow kucke mer wéi ëmmer an engem Sall op der Universitéit um Pérolles II, wou der dann och en Apéro vum Comité offréiert krit (de genaue Sall krit der nach mat Zäiten matgedeelt). Rendez-vous ass um  16:00 Auer op der Universitéit. Vir e gutt Joer ofzeschléissen, muss een natierlech och gutt iesse goen! Dofir hu mir an der Brasserie Le Commerce en Dësch vir eis all reservéiert, wou de Comité villeicht…

Mehr erfahren »

Juni 2016

Nationalfeierdag zu Bern

23/06/2016 @ 18:30 - 20:30
Lëtzebuerger Ambassade, Thunplatz 52
Bern, Schweiz
+ Google Karte

Wéi all Joer sin mer och rem des Kéier op d'Nationalfeierdags Receptioun an der Residenz vum Lëtzebuerger Ambassadeur um Thunplatz 52 zu Bern agelueden. Wéi ëmmer wärt etrem gratis Gedrénks an Iessen ginn. Tenue correcte ass PFLICHT! Dat ganzt geet den 23. Juni um 18:30 un an dauert bis 20:30. Duerno gi mer nach all vir gewéinlech weider raus zu Bern. Jiddereen muss vir sech kucken wéi en Bern kënnt. Mellt iech w.e.g. bis spéitstens den 16. Juni 2016 um…

Mehr erfahren »
  • « Vorherige Veranstaltungen
  • Nächste Veranstaltungen »
+ Veranstaltungen exportieren
« Vorherige Seite
Nächste Seite »

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees
  • Prev
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • …
  • 7
  • Next

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz