
Dezember 2018
Stammdësch zu Montreux
Mer fueren Donneschtes Owes fier eisen Stammdësch op Montreux op de groussen Chreschtmaart. Dofir treffen mer eis em 18h30 beim Irish m Parking an fueren dann all zesummen op Montreux. Hei kennt der iech umellen: https://doodle.com/poll/b2cydxueapenm5yk?fbclid=IwAR3OsCAlOIG0MaKJcl1JyarhC9mWhd4wmnGqR9_EjPQDfHoGY_4H8nBNUm0 All Autosfuerer kritt 15CHF fir den Trajet.
Mehr erfahren »Februar 2019
Ski-Weekend zu Gstaad
Natierlech gi mer um Ufank vum neien Semester nach e Weekend all zesummen Ski fueren. Vum 22ten bis 24ten fuere mer zesummen op Gstaad Umellung w.e.g. iwwert desen Doodle: Umellung SkiWeekend Deadline fier unzemellen ass den 10ten Dezember. Wann der iech no dësem Délai oofmellt, musst der d'Halschent (35 CHF) als Storneierungsgebühr bezuelen! Détailer zu eisem Ski-Weekend: Den Präis 70CHF pro Persoun inclus ass Iwwernuechtung, Moies- an Owesiessen, den Transport hin an zreck vu Fribourg op Gstaad an…
Mehr erfahren »März 2019
Gottéronschlucht Wanderen
Wann d'Wieder matspillt, gi mer desen Sonnden nach engkeier ee vun nde schéinsten Treppelwëer vu Fribourg, esou kennt der Nomettes e bessen iech vum Leieren ooflenken loosen. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Frisbeegolf um La Berra
Mer gin op ee vun de schéinste Bierger vum Kanton fir di schéin Vue vun der Spëtzt ze genéissen. Net nëmmen dat, mer probeieren uewen um Bierg och, eist Talent am Frisbeegolf ze bewéisen Détailer kommen no...
Mehr erfahren »April 2019
Pubrallye
Der deelt iech an Gruppen an an dann gidd der an verschidden Caféen fir Spiller, ennerwee musst der och nach Froen beäntweren. Ass also en flotten Dag, fir d'Staad kennen ze leieren an an ville verschiddene Cafféen een ze drénken. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Beerpong Volume 2
Wei all Semester. Am Pavillon Vert geet et erem drems, den beschten Beerpongspiller ze fannen. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Bowlingturnéier
No der Ouschtervakanz maachen mer Sonndes en lockert Bowlingturnéier am FriBowling um StPierre. Détailer kommen no...
Mehr erfahren »Mai 2019
Kniddelen an Pubquiz um Stammdësch
Op dësem Stammdësch kachen mer fir iech all Kniddelen an dono gett et dann en Pubquiz op der Telé vun der Presse, bréngt also e gudden Appetit an äert Allgemengwëssen mat 🙂 Détailer kommen no
Mehr erfahren »Assenblée Générale an Oofschlossiessen
Et ass schon erem un der Zait, dem aalen Comité Eddi ze soen an en néien Comité ze wielen. Dono gi mer dann zesummen eppes iessen an genéissen nach en Owend zesummen virun den Examen Détailer kommen no...
Mehr erfahren »September 2019
Eischten Stammdësch
Mer lueden iech alleguerten häerzlech op eisen éichten Stammdësch an, den 1ten Donneschden vum Semester (19ten September) am Café de la Presse Fribourg. Ab 20h kennt der kommen, dat ass eng gudd Geleeënheet fir iech, jidfereen hei zu Fribourg kennen ze léieren an een zesummen ze drénken. Em 21h begréissen mer iech als Comité an spendéieren iech eng Tournée.
Mehr erfahren »Opening Event
SEMESTERUFAANK! Dës Woch geet et lass mam néien Semester! Dat heescht och fir éis, dass mer mat eisem Programm vum Joer starten. Nodeems mer eis um Stammdësch en Donneschten scho kennen leieren, ass en Samschden den 21ten eist Opening Event, wou mer dei nei suwuel dei aal zu Fribourg begréissen. Hei ass den Programm: 16h: Treff op der Uni Misericorde. Begréissung vum Comité, Virstellen vun den Events, Fotoshow vum leschten Joer an gratis Apero! 18h: Mer gin an den Les…
Mehr erfahren »All You Can Drink House Party
Zesummen mat Teutonia inviteiert den Friblëtz op dei gréissten Hausparty zu Fribourg! Specials: - Bierpong ohne Ende - Gratis Polaroid Camera Fotos - Longsdrinks - Flunkyball - Late night Mario Kart Turnier - Snacks - Dancefloor - ....
Mehr erfahren »Oktober 2019
Frisbeegolf
Léiw Membren, Den 5. Oktober wellen mir Frisbeegolf op den Berra spillen goen. Mir wärten geint 1 Auer mettes fueren, an dann mat der Gondel ropfueren, wou mir dann Frisbeegolf spillen wärten. Dono spazeiren mir gemütlech rem roof. D'Gondel kascht 10 fr.(Studentenpräis), an den Golf kascht 7 fr. Mellt ierch wann dir wellt matkommen hei am Doodle un, an gitt och un wann dir en Auto hut. Benzinskäschten ginn vum Comité iwerholl. https://doodle.com/poll/39vbhh3a5um3iw8h?fbclid=IwAR0xE-I6sCKHRW9X2ku-uQOqgFpf_2-xwftNCA-tVST51wDBIlPoVeyOKfo
Mehr erfahren »Daf
Léiw Membren, Den 12. Oktober ass wei all Joer Daaf, wou mir d'Bleuen an d'Studentliewen anweien. Hei ennendrenner fannt dir den Doodle fir ierch fir Daaf unzemellen. WICHTEG: Wann dir Allergien hudd oder keen Alkohol drenkt, dann soot schnellstméiglech engem vum Daafcomité (Andrea Domingues, Lara Bollendorff, Lena Ewen, Caro Pano, Sarah Scheidel, Tom Schroeder) bescheed. D'Unmellung ass bis nächsten Freiden (4.10) op, also mellt ierch schnellstméiglech un. No der Daaf hun mir keen Iessen organiseiert (D'Bleuen ginn awer accompagnéiert fir…
Mehr erfahren »Fribletz goes Gotteron
Mir gin den NLA (Schwaizer Nationalliga A) Heemmatch vun der Fribourger Äishockeyekipp "Gottéron" geint SCL Tigers kucken.
Mehr erfahren »November 2019
Beerpong Turnéier
https://doodle.com/poll/2grxwhiei4a27zpu D'Umellung fir eist Beerpongturnéier den 16ten November ass elo eröffnet. Hei kuerz dei wichtegst Infos, Détailer kommen mei spéit no: Weini: 16ten November, 16:30 Treffpunkt Wou: Pavillon Vert am Jardin Botanique um Perolles Weivill: 10CHF fir Memberen, 15CHF fir Net-Memberen (Do ass de ganzen Béier vum Turnéier inclus) Wichteg: Et ass Plaaz fir 24 Ekippen, dei eicht sin fir. Deadline ass den 14ten November em 20h! Wann een sech dono oofmellt, muss een aawer d'Entree zum Turnéier bezuelen! Also…
Mehr erfahren »Kniddelen an Pubquiz
Um Stammdësch zerveieren mer iech gudd Kniddelen an dann kennt der an Gruppen äert Wëssen an engem Quiz beweisen.
Mehr erfahren »Bowlingturnéier
Fir eisen Stammdësch treffen mer eis am FriBowling an zousätzlech zu gesellegen Zesummensin gett et en Bowlingturnéier dobai.
Mehr erfahren »Dezember 2019
Kleeschen
Léiw Memberen, hei kennt der iech fir d'Iessen beim Kleeschen umellen: https://doodle.com/poll/xvkbt4xh4krwiet6 Deadline ass en Mëttwoch, den 4ten em punkt 12 Auer, mellt iech also leiwer su seier wei meglech un! Dat ganzt ass den 6ten Dezember am Café de la Presse Fribourg. D'Fleeschfondue kascht iech 30CHF an d'Kéisfondue ass 24CHF. Den Ooflaf ass wei folgt: 18h30: Apero (Vum Comité offreiert!) 19h30: Fondue chinoise oder Kéisfondue 22h00: Den Kleeschen kennt Anschliessend feieren mer nach bis Metternuecht an der Presse weider…
Mehr erfahren »Chrëschtmaart Montreux
Léiw Memberen, den 12. Dezember geet et op Montreux op den gréissten Schwaizer Chrëschtmaart fir eisen Stammdësch. Mer treffen eis em 17h45 um P+R beim St.Leonard (vis-à-vis vum Busarret Fribourg, Poya) Do deelen mer eis dann op eis Autoen op a fueren lass op Montreux. Umelldung: https://doodle.com/poll/u7pb9cyds7nmtddt Mer freeën eis, zesummen en gudden Glühwain um Sei ze genéissen mat iech all!! Ären Comité Friblëtz
Mehr erfahren »