Université de Fribourg

unf_logo_100pr_schwarz350

D’Universitéit Fribourg as 1889 gegrënnt ginn an eenzegaarteg an der Schwäiz. D’Geographesch Laach vun der Staat Fribourg (op der Grenz vun der Franséischer an Däitscher Schwäiz) dréit zur Zweesproochegkeet vun der Uni bei. Dëst bidd vill Virdeeler fir hier Studenten, en anerem en zweesproochegen Diplom (Verschidden Studiengäng bidden am Master souguer en Diplôme trilingue un).

Obwuel d’Uni mat ronn 10.000 Studenten net déi gréissten ass, bidden hier 5 Fakultéiten en groussen Choix un Studiengäng un (théologie, droit, sciences économiques et sociales du management, science humaines…). Ausserdeem dréit déi kleng Zuel un Studenten dozou bei, dass ënnert den Studenten an Dozenten eng angenehm an familiär Stëmmung herrscht.

Nieft dem Studium bidd d’Uni och en groussen Choix un Fräizäitaktivitéiten an Sport.

Weider Informatiounen zum Liewen op der Universitéit Fribourg an zu den Studiengäng, souwéi Konditiounen fir d’Umeldung fann der op der Homepage vun der Uni, an eiser Broschüre an am Guide du Futur Etudiant.

photo_liens


logo-png24Haute Ecole Pédagogique

D’Lëtzebuerger*innen hunn d’Méiglechkeet zu Fribourg eng Ausbildung fir Schouljoffer an Schoulmeeschter ze maachen. Des Ausbildung fënnt op der Haute Ecole Pédagogique Fribourg (HEP/PH), statt. En groussen Virdeel vun der HEP ass déi familiär Stëmmung an déi gutt Betreiung vun den Studenten.

D’HEP bidd, wei d’Uni, en zweesproochegen Studium an Ofschloss un. Während dem 3-Järegen Studium huet een nieft den Theoriekueren och relativ vill Stagen während deenen een vill praktesch Erfahrung sammelen kann. Well d’HEP enk mat den aneren Héichschoulen an Universitéiten zu Fribourg zesummeschafft besteet d’Méiglechkeet nom Bachelor nach en Master-Ofschloss ze maachen.

Weider Informatiounen fann der ob der Homepage vun der HEP, an eiser Broschür an am Guide du Futur Etudiant.

villa-face_site_0


Weider Informatiounen

  • Weider Informatioune fann der an eiser Broschür an der Rubrik ” De Cercle
  • Homepage Université de Fribourg:    www.unifr.ch
  • Homepage Haute Ecole Pédagogique:    www.hepfr.ch

… Oder kontaktéiert den Comité direkt per Email: comite@fribletz.lu

[vimeo 106821797 w=750&h=420]