Friblëtz

Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten zu Fribourg

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

Author Archives: Comité Friblëtz

Summersemester 2023

Geschrieben am 27/09/2022 Von Comité Friblëtz

Veröffentlicht unter FriBazar |

Assemblée générale 2014/2015

Geschrieben am 22/09/2014 Von Comité Friblëtz

Wéi gewéinlech ass eis éischt offiziell Aktivitéit rëm d’Assemblée générale.

D’AG ass den 30. September 2014 um 20:00 Auer am Gebai vun der Pérolles 2 (Bd de Pérolles 90) am Sall A230.  Ënner anerem gëtt e Bilan vum leschte Joer gema, den Trésorier presentéiert d’Finanzen an natierlech gëtt och e neie Comité gewielt. Wei ëmmer gëtt et no dem offiziellen Deel och en Apéro wärenddem och d’Memberskaarte vir 30 Chf.- verkaf.

D’AG ass eng gutt Geleeënheet vir nei Memberen eise Club a nei Leit bësse kennen ze léieren.

Umelle kënn der iech ab elo um Doodle: Doodle – AG (NUMM & FAMILIENNUMM!)

W.e.g. mëllt iech un vir dass mer wësse weieng Quantitéite mer musse vir den Apéro kafen! Aus organisatoresche Grënn, sot eis w.e.g. um Doodle och bescheed wann der nei zu Fribourg sidd.

Hei fann der weider Informatiounen, wei och de genauen Oflaf vun der AG:

  • Begréissung vum Comité
  • Aluedung&Oflaf AG

 

Veröffentlicht unter Events |

Stammdësch @ Café de la Presse

Geschrieben am 16/09/2014 Von Comité Friblëtz

De Summer geet op en Enn an d’Schoul huet rëm ugefang. Vir dem tristen Alldag ze entkommen lued de Comité op eise Stammdësch am Café de la Presse an! Anescht wei mer et bis elo gewinnt waren, treffe mer eis den Donneschden an net méi Mëttwochs! Rendez-vous ass den 18ten September um 21:00 Auer.

Vir eis nei “Friburger” ass desst eng gutt Geleeënheet vir aner Lëtzebuerger kennen ze leieren. Zudem kënn der dovunner profitéiere Froen un de Comité ze stellen.

D’Adress ass: Boulevard de Pérolles 41

 

Mir freeën eis op e lëschtegen Owend!

Veröffentlicht unter News |

Schueberfouer 2014

Geschrieben am 19/08/2014 Von Comité Friblëtz

4752-resize-668x445x90

Léiw Friblëtzer,

Sou traurech wei et ass: dat neit Schouljoer kënnt ëmmer méi no! Virdrun wëlle mer awer nach bësse vun der Vakanz profitéieren an eis ameséieren!

Dofir geet de Friblëtz op d’Schueberfouer! Mellt iech einfach bis den Freiden (22 August) hei um Doodle un: Doodle – Schueberfouer.

Klickt un wéieen Datum iech am beschten geet an op der mat iesse gidd! Iesse gi mer an de Restaurant “Am Stall”. Rendez-vous ass um 19:00 Auer virun der Dier vum Restaurant “Am Stall”.

Äre Friblëtz-Comité

(UPDATE: Den Comité huet decideiert dass mer den 30ten August op d’Fouer iessen ginn)

Veröffentlicht unter Events, Friblëtz Events |

Friblëtz-Pullover a Joggingsbox

Geschrieben am 15/07/2014 Von Comité Friblëtz

De Comité huet dëst Joër decideiert Friblëtz-Pulloveren a Jogingsboxen machen ze loossen. Iwwer den Design an d’Farw gouf schon oofgestemmt. Lo feelt just nach de Präis. Vir dass den Hiersteller eis eng Offer ka machen, musse mir him eng ongeféier Zuel vun de Memberen uginn dei e Pullover an/oder eng Joggingsbox huelen. Et muss ee NET Member sin vir soueen Pullover oder Box ze bestellen!

Dovir biede mer iech hei am Doodle är provisoresch Bestellung ze machen: Provisoresch Bestellung – Friblëtz-Pullover/Joggingsbox

Vir iech Decisioun ze erliichteren sin hei nach eemol d’Angaben:

10470919_10204491726561465_4358249335099650828_n

De Pullover wärt em dei 30-40 Euro kaschten. Vir d’Joggingsbox hu mer leider nach guer kee Präiss.

Des Bestellung an Angaben sin net definitiv an dengen nemmen dozou, dass mer eis eng Virstellung vun der Greisst vun der Bestellung an de Präisser kenne machen! Et as also wichtegt dass der iech androt wann der eventuel oder och secher e Plover oder/an eng Joggingsbox weilt! 

 

Veröffentlicht unter Events |
Nächste Seite »

Sitemap

  • Fribourg
    • Studium
    • Fraizäit
    • Finanzielles
  • De Cercle
    • De Cercle
    • Eis Sponsoren
  • Events
  • FriMobility
  • Fri-Shop

About

  • Impressum
  • Administrator

Kontakt

  • Facebook
  • Mail us
  • Snapchat

Sponsors

  • ACEL logo
  • Fribourg Gotteron
  • Hosting Skills
  • Löffler Security Systems
  • Spuerkees
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • Next

Seiten

  • 20 Joer Friblëtz
  • Eis Sponsoren
  • Events Hierschsemester 2022
  • Finanzielles
  • Fraizäit
  • Friblëtz Shop
  • Fribourg…wourop waarts de nach?
  • FriMobility
  • FriStudent
  • Fribourg
    • Bourse aux logements
    • Places To Be
  • Studium
  • De Cercle
    • De Comité vun 1996 bis haut
  • Impressum

Archiv

  • September 2022
  • August 2018
  • September 2014
  • August 2014
  • Juli 2014
  • Juni 2014
  • Mai 2014
  • April 2014
  • März 2014

Kategorien

  • Events (7)
  • FriBazar (2)
  • Friblëtz Events (8)
  • News (4)
  • Other Events (1)

WordPress

  • Anmelden
  • WordPress
CyberChimps

CyberChimps

Marketed By Neil Patel
© Friblëtz