Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Friblëtz Ski-Weekend – Intercercle

25/02/2022 @ 16:00 - 27/02/2022 @ 17:00

De Friblëtz organiséiert och dëst Joer nees säin traditionelle Ski-Weekend! Sou wei lescht Joer, fuere mer och nächst Saison nees ob Gstaad an de Chalet St. Stephan (Campo Grande).

Hei iwwert dësen Formular kennt der iech umellen!

—- Hei Umellen —-

Är Umellung zielt ereicht, wann der d’Geld (70€) entweder per

Digicash (691 899 620) oder Virement (LU84 0019 4955 0759 3000)
Vermierk: Skiweekend + Numm Viernumm

bis spéitstens den 1ten Februar iwwerwissen hudd.

*****Weider Detailer*****
Den Transport geet iwwert Autoen, mee mir lounen och eng Camionnette fir déi Ski/Snowboards déi net méi an d’Autoe passen. D’Chauffeuren kréien hiert Benzinsgeld vun Fribourg op St. Stephan an zréck vum Friblëtz bezuelt.

De Präis wier *70€ pro Persoun*
Inclus ass d’Iwwernuechtung, Moies- an Owesiessen (Veggie ass possible), den Transport hin an zeréck vu Fribourg – St. Stephan + Transport vum Chalet ob Skipisten.
De Skipass ass net inclus.

De Chalet ass ob selwecht Distanz vun 2 Ski-Gebitter: Adelboden a Gstaad. Am Chalet selwer hu mer en Partyraum, eng Kichen, Better a getrennten Duschen.

Iessen

Kaffi: 7h45h-11h00
Owesiessen: ca. 18.30h
Et gëtt och bei all Iessen eng vegetaresch Variant ugebueden

Em d’Spullen no dem Iessen musse mer als Grupp eis drëms kemmeren.

Kaffi, Téi an Waaser stinn zur Verfügung.
Den Friblëtz këmmert sech em Béier a Wain!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Iwwernuechten:

                

Wichteg: Jidfereen muss Schloofsaak oder ähnleches mathuelen, Decken stinn keng zur Verfügung.

Bei den Zemmeren sin gemeinsam Duschen, Toiletten a Lavabo’en.

Mir free’en eis ob en flotte Weekend mat Iech!
De Friblëtz Comité

Details

Beginn:
25/02/2022 @ 16:00
Ende:
27/02/2022 @ 17:00