Lade Veranstaltungen

« Alle Veranstaltungen

Skiweekend Adelboden & Gstaad 26.-28. Februar 2021

26/02/2021 @ 16:00 - 28/02/2021 @ 17:00

De Friblëtz organiséiert och dëst Joer nees säin traditionelle Ski-Weekend! Sou wei lescht Joer, fuere mer och nächst Saison nees ob Gstaad an de Chalet St. Stephan (Campo Grande). Dir kennt héi souwuel Ski oder Snowboard fueren, mee och einfach treppelen oder Schlitt fueren goen.

*****Weider Detailer*****

Den Transport geet iwwert Autoen, mee mir lounen och eng Camionnette fir déi Ski/Snowboards déi net méi an d’Autoe passen. D’Chauffeure kréien och
Benzinsgeld. De Präis wier *70CHF pro Persoun* Inclus ass d’Iwwernuechtung, Moies- an Owesiessen (Veggie ass possible), den Transport hin an zeréck vu Fribourg – St. Stephan. De Skipass ass net inclus. De Chalet ass ob selwecht Distanz vun 2 Ski-Gebitter: Adelboden a Gstaad.
Am Chalet selwer hu mer en Partyraum, eng Kichen, Better a getrennten Duschen. D’Umellung geht den 1. Oktober op ! Délai fir Umellungen an bezuelen ass den 15ten Februar (Metternuet!) oder subaal 60 Leit ugemellt sin! Stornéiren kenn dir bis den 19. Februar. Am Fall wou et net erlaabt sollt sinn den Chalet ze lounen kann natierlech jiddereen stornéiren. Wann et net sollt méiglech sinn Ski oder Snowboard ze fueren, kemmeren mier eis em en alternativen Programm.

Weider Informatiounen kommen nach no!

Mir free’en eis ob en flotte Weekend mat Iech!
De Friblëtz Comité

Details

Beginn:
26/02/2021 @ 16:00
Ende:
28/02/2021 @ 17:00