
Juli 2014
ACEL’s Studentenbal
Vakanz, fir dei eng ass se schon do, fir dei aaner kennt se gleich. An wei der all wesst ass am Ufank vun der Summervakanz och emmer den traditionellen Studentenbal vun der ACEL. Mir hunn do wei all Joer een Stand zesummen mat Lausanne an breichten äer Hellef. Et ginn Leit beim Montage an beim Demontage gebraucht genau sou wei um Bal selwer op eisem Stand an an den Entrees an Bongenkeesen. Dofir wieren mir ganz frou wann dir eis…
Mehr erfahren »August 2014
Demande Cedies
Ab dem 1. August kenn der de Formulaire vir d'Aide financière beim Cedies eroflueden an ausfëllen. Den Delais vir Demande eran ze schecken as den 3o. November 2014. Vir weider Detailer zur reformeierter Aide financières ass hei d'Brochür vum Cedies: Brochure Cedies Op desem Link kënn der ausrechnen weivill Bourse a Prêt der kënnt kreien: Aide financière - Calculator
Mehr erfahren »Oktober 2014
Skiweekend… Gstaad oder Grindelwald?
Léiw Memberen, De neie Comité huet sech gëschter eng 1. Kéier zesumme gesat (de Rapport kënnt nach no). Dobäi ass e Problem opgetrueden: mir kënnen eis net decidéiere wou mer eisen alljährleche Skiweekend solle verbréngen, well se gläich gut sin! Dofir froe mir lo iech, eis geschätzte Memberen, dass der eis hëlleft an um Doodle ofstëmmt: Doodle - Grindelwald/Gstaad Den Delais vir d'Ofstëmmung ass den 5. Oktober 2014 um 8:00 Auer! Zur Auswiel sti Grindelwald oder Gstaad. Hei sinn d’Fakten zu den 2 Schigebitter: Zu Gstaad,…
Mehr erfahren »Daaf 2014
Den Samschden de 4. Oktober um 14h fënnt eis alljährlech Daf statt! Eng super Geleeënheet vir e gudden Dag ze verbréngen. Bei der Daf ginn eis Bleuen an de Cercle agefouert. Natierlech gëtt keen dozou gezwongen, mee et ass all Joer eng super Geleeënheet e gudden Dag ze verbréngen an nei Leit kennen ze leieren! Dofir loosst iech dat net entgoen! 🙂 No der Daf gëtt natiirlech och nach de Roi a Reine des Bleus ernannt an et gëtt gutt gefeiert! Aus organisatoreschen Grënn wier et gutt wann dir iech esou schnell wei méiglech umellen géift, am beschten bis Ufank nächster Woch! De Link vir sech unzemellen fann…
Mehr erfahren »Kulturvisit an der Mines de Sel zu Bex
Den 18. Oktober gi mer d'Salzminn zu Bex kucken! Mir starten um 13:15 Auer beim Irish, Retour ass um ongeféier 18:00 Auer. Mir kënne maximal 20 Leit mathuelen. Am beschte wär et mam Auto ze fuere well d'Minn as relativ schwéier mam ëffentlechen Transport ze erreechen. De Comité bezilt de Benzin! Dir hud bis nächsten Donneschden 8:00 Auer Zäit vir iech unzemellen. Déi éischt 20 sinn natierlech vir! 😉 Hei ass de Link vir den Doodle: Doodle - Mines de Sel Bex --> An der Minn…
Mehr erfahren »November 2014
1. Swisscuptraining
Bis de Swisscup dauert et nach e bëssen... trotzdem treffe mer eis de Samschden, den 22. November an der Sportshal vun der Uni Pérolles fir e bëssen ze schweessen! Rendez-Vous ass um 14:00 Auer an um 17:00 Auer musse mer rëm dobausse sinn. Duschen a Vestiairë sinn an der Hal sou wéi och d'Material. Mir hunn déi 2 Halen zur Verfügung! Fir dass awer keen de ganze Samschden Nomëtten an der Hal muss verbréngen, hu mer dëst Joer e Programm opgesat: 14:00 -…
Mehr erfahren »Dezember 2014
Kleeschen 2014
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen …! Den 12. Dezember ass et rëm esou weit: de Kleesche kennt (bësse verspéit) ob Fribourg. Ier de Kleeschen kennt, gi mer an de Restaurant aux Tanneurs (7, Place du Petit-Saint-Jean) iessen. Rendez-Vous ass um 19:00 Auer am restaurant. Et gëtt Fleeschfondue fir 30 CHF.- (Gedrénks net inclu!). Natierlech hu mer och un eis Vegetarier geduet: Fir si gëtt et eng "Salade mêlée" an dono "Risotto au vin rouge" mat enger "Bourse de légumes sur une mousse de carottes" fir 21 CHF.-...klengt net nëmme gutt, mee ass et och! 😉 Et ass fir 50 Leit reservéiert,…
Mehr erfahren »Januar 2015
Swisscup T-Shirten
De Swisscup kennt ëmmer méi no. Dofir kenn der ab elo och är Swisscup T-Shirte bestellen! Wann der vir hutt beim Tournoi matzemaachen an dir hutt nach keen T-Shirt muss der ee kafen, well se si gläichzäiteg eis Trikoten! Natierlech däerf awer jiddereen en T-Shirt bestellen. De Präis läit bei 21, 50 Euro. Well mer awer a Grousser Quantitéit bestelle kréie mer eventuell nach eng Reduktioun! Délais ass den 1. Februar! Bestellt elo hei um Doodle: Doodle - Swisscup T-Shirt Gréissten Männer: Gréisst S M L XL…
Mehr erfahren »Februar 2015
2ten Swisscup Training
Eis 1. Aktivitéit am neie Semester ass den 2. Swisscup Training. Dëse fënnt rëm an der Sportshal vun der Universitéit um Pérolles statt. Rendez-Vous ass den 21. Februar um 14:00 Auer an der Hal! Duschen a Vestiairë stinn eis och zur Verfügung! De Swisscup steet dëst Semester um Programm. Vir dass mer eis Titelen eierenhaft verteidege kennen, ass et wichteg eemol zesummen ze schweessen! Kommt zu vill da gëtt et en flotten Nomëtteg! --> Keng Umeldung op Doodle!
Mehr erfahren »Skiweekend zu Grindelwald
D'Entscheedung vir de Skiweekend ass gefall: mir ginn de Weekend vum 27.02, 28.02, 01.03 op Grindelwald! Link Hostel: Youth Hostel Grindelwald Skipiste Grindelwald: Den Hostel kascht 90 Chf (Moiesiessen + Schlofen). Well mer dëst Joer wahrscheinlech och rëm drop ugewise sinn, dass d'Léit déi en Auto hunn Gepäck a Skimaterial mathuelen, hu mer decidéiert de Benzin AN de Parking ze bezuelen. D'Suen muss der awer net direkt iwerweisen, mee reicht kuerz virum Weekend. Méi Informatiounen zum Tansport an zum Bezuelen kommen nach…
Mehr erfahren »März 2015
Après-Ski Party
De Weekend no Grindelwald heescht et rëm: Schiiifoan! Mir feiere rëm eis Après-Ski Party am Centre Fries. Wei sech dat vir e gudden Après-Ski gehéiert starte net ze speit (18:00 Auer) an et geet bis an d'Nuecht eran. Lued roueg all är Kollegen an (och Schwäizer). Wat mer zu méi sinn wat besser! Dat ganz ass als Intercercle ausgeluecht. Um 18:00 Auer starte mer mat enger an enger halwer Happy Hour, also bis 19:30! Dann ass alles nacheemol 1.- CHF méi bëlleg! Wat d'Iessen…
Mehr erfahren »Bouneschlupp am Centre Fries
De Comité kacht erëm seng gutt Bouneschlupp. Dofir scheie mer keng Käschten a loossen nëmmen de beschte Moschtert, Kachkéis a Mettwurscht aus Lëtzebuerg kommen! Kommt alleguer de 17. Mäerz an de Centre Fries a loosst iech et schmaachen! Tellere fëllen sech ab 19:00. Dat ganzt kascht ronn 6.- CHF, Gedrénks net mat abegraff. Vir souvill Leit ze kachen ass vill Arabescht. Dofir freet de Comité sech vir all Hëllef déi en ugebuede kritt! Wann der wëllt hëllefen, da mëllt iech einfach bei engem…
Mehr erfahren »Swisscup 2015
De Swisscup ass dëst Joer zu Lausanne. Den 21. Mäerz 2015 moosse mir eis erëm mat de lëtzebuerger Studente vun Zürich, Lausanne a St. Gallen! Dozou hei e puer wichteg Punkten: D'Ekippe gi, wéi all Joer, vum Comité zesumme gestallt. Hei fann der d'Tabell mat den Ekippen: Ekippen Swisscup15 Wann vill Leit sech vir eng selwecht Sportaart umelle gi méi Ekippe gemaach. Well net jiddereen all Sportaart mat mécht a vläit net scho frei Moies well op Lausanne fueren hu mer decidéiert, dass jiddereen sech selwer ëmt den Transport a Schlofplatze muss bekëmmeren. Et…
Mehr erfahren »Friblëtz Filmowend
Éiert mer eis all an d'Ouschtervakanz verabschiden, wëll de Comité nach eemol e gemittlechen Owend mat iech all verbréngen! Dofir organiséiere mer vir Méindes, den 30. Mäerz e Filmowend. Dëse fënnt um 19:00 Auer am Sall A230 op der Uni Pérolles 2 statt (de Film geet um 19:15 un). D'Entscheedung ass op de Film The Grand Budapest Hotel gefall (Trailer)! Gedrénks an Entrée vir dëst Event ass gratis. Popcorn bidde mer, wéi dat sech vir e Filmowend gehéiert, och un a kascht 1.- CHF. Natierlech hudd der och d'Méiglechkeet eng Pizza am Imprévu ze bestellen oder är eegen Chipsen,…
Mehr erfahren »Mai 2015
Pub Quiz
Virun der Ofschlossfeier hu mer nach e lescht Event geplangt: den 2. Mee maache mer e Pub Quiz! An Ekippe vu 4 bis maximal 6 Leit zeie mer duerch d'Caféen, léisen déi knifflechst Rätselen a maache Spiller op Liewen an op dout! Vir all richteg geléiste Fro an all gepackte Spill ginn et Punkten. D'Ekipp mat de meeschte Punkten erwaart selbstverständlech e würdege Präis. Aus organisatoresche Grënn kënnen op dësem Event nëmmen maximal 8 Gruppe vu minimum 4 bis maximal 6 Leit deelhuelen! Déi éischt sinn also vir! Den Doodle gëtt de Méinden, de 27. Abrëll um 10:00 Auer online gesat. Mellt iech…
Mehr erfahren »Ofschlossfeier 2014/2015
Alles huet en Enn ausser d'Wurscht bekannterweis... Dofir steet den 23. Mee leider scho rëm eis Ofschlossfeier um Programm. Mir starten um 16:30 op der Uni Pérolles 2. Do loosse mer mat eiser traditioneller Fotoshow d'Joer nach eemol Revue passéieren. Duerno offréiert iech de Comité och nach e klengen Apéro. Vir duerno ass geplangt, dass mer vir 18:00 Auer an d'Brasserie Le Commerce iessen a weiderfeiere ginn. De Comité leet dëst Joer eppes bei d'Iesse bäi. Well mer d'Platze musse reservéieren, mellt iech…
Mehr erfahren »Juni 2015
Referendum National
De 7. Juni fënnt zu Lëtzebuerg de nächste Referendum statt. Et ass vir all Lëtzebuerger obligatoresch dorunner deelzehuelen! De Referendum dréint sech ëmmt folgend 3 Punkten: Aktiivt fakultatiivt Wahlrecht vir Jonker ab 16 Joer Aktiivt Wahlrecht vir auslännesch Matbierger ënner bestëmmte Konditiounen Limitatioun vum Mandat vun de Regierungsmemberen op 10 Joer ouni Ënnerbriechung All lëtzebuerger Student huet d'Méiglechkeet per Bréifwahl um Referendum deelzehuelen. Dofir muss dir bis spéitstens Freides, den 8. Mee 2015 eng Demande bei ärer Gemeng maachen. D'Bréifwahl kascht iech dëst Kéier näischt an de Bréif muss net als Recommandé gescheckt ginn. De Formulaire vir un der Bréifwahl deelzehuelen kënn der hei eroflueden:…
Mehr erfahren »Nationalfeierdag @ Bern
Et ass rëm sou weit, d'Bicher léien schon bal nees all am Eck an d'Vakanz ass schon sou gudd wéi do. Dat heescht net méi laang dann ass nees SUIT UP ugesoot! Well mir ginn op Bern Nationalféierdaag féieren an dat am chiquen Kostum oder Oweskleed. Den néien Ambassadeur Marc Thill huet decidéiert dat ganzt dëst Joer mat der Lëtzebuerger Présidence vum Conseil vun der Europäischer Union zesummen ze léen. Dat ganzt fënnt den 30ten Juni am Gaart vum Ambassadeur statt (Thunplatz…
Mehr erfahren »Juli 2015
Acel Studentebal
Den traditionellen Studentebal fënnt dëst Joer den 17. Juli statt! Wéi och all déi aaner Joer kënn der gäeren hëllef mat op an oofrichten an och den Owend selwer hannert dem Comptoir, oder an enger vun den Keesen hëllefen. Jiidereen deen mathëlleft kritt natierlech eng Gratis Entree vun der ACEL, an nach puer Gratis Gedrenksbongen vum Friblëtz. Meld Iech einfach hei un: Op an Ofrichten: Doodle 1-2 Léit pro Schicht Comptoir & Keesen: Doodle Comptoir: 6-8 Léit pro Schicht Keesen: 1 pro…
Mehr erfahren »August 2015
Schueberfouer 2015
Léif Memberen, sou lues awer sécher geet d'Vakanz op een Enn, leider. An domatten kommen mer dann och zu eiser leschter Aktivitéit fir d'Joer 2014/2015. Och dëst Joer organiséieren mer eng Foueraktivtéit. Mellt iech bis den Donneschden, 13. August um 12:00 Auer hei um Doodle un. Klickt un wéieen Datum iech am beschten geet (28/08 , 02/09 & 05/09) an op der mat iesse gitt! Iesse gi mer an de Restaurant “Kessel”. Rendez-vous ass um 20:15 Auer virun der Dier vum Restaurant “Kessel”. hei een Link vum Restaurant: http://www.kessel.lu Äre Fribletz-Comité UPDATE: Mir ginn Mëttwochs den 02/09 op d'Fouer, OPPASSEN d'Auerzeit huet geännert, rdv ass réicht um 20:15!
Mehr erfahren »